Ort oder Gemeinde suchen Search
Betrieb suchen nach Ortschaft
Betrieb suchen nach Branche Search
Termine des SuperSpillMobils Go

Ökologesch Gestioun vum Offall am Betrib

Chambre des MetiersAm Sënn vum nationalen Offallgestiounsplang a vum nationale Plang fir eng nohalteg Entwéckelung si mir alleguer gefuerdert, eis fir eng ëmweltgerecht, energie- a ressourceschounend Offalgestioun anzesetzen. Dat ass och d’Zil vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, déi zesumme mam Ëmweltministère a mat der Chambre des Métiers 1993 an d’Liewe geruff gouf, an déi all Betriber bei hirer ëmweltgerechter Arichtung ënnerstëtzt.

Den Ëmgank mam Dreck stellt haut grouss Ufuerderungen un den Offallproduzent – dat heescht, den Dreck richteg sammelen, zortéieren a lageren, sichen no gëeegnete Weeër fir en ze recycléieren an z’entsuergen, Präventiounsméiglechkeeten notzen, esou wéi sech un déi gesetzlech Offallvirschrëften halen, virun allem un d’Gesetz vun 1994. Besonnesch kleng a Mëttelbetriber sinn hei dacks iwwerfuerdert. D’Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ënnerstëtzen d’Betriber bei der Realiséierung vun engem Offall- a Präventiounskonzept, an hëllefen hinnen esou Ökolgie an Ökonomie ze verbannen.

Eis komplett Offer fir eng ökologesch Offallgestioun am Betrib :

Eis Berodung ass fir all d’Betriber gratis, an de Succès seet alles: