[LB]

„Circular Economy” – Nei Chancë fir Är Entreprise !

vun der Konsumgesellschaft ewech op d’zirkulär Wäertschëpfung

 

"D'Circular Economy"

D’Zil vun der „Circular Economy” besteet dran, d’Réistoffer iwwer de Liewenszyklus vun engem Produkt oder enger Wuer eraus erëm méiglechst wäitgoend an d’Hierstellung vun neie Produkter zréckzebréngen.

D’„Circular Economy" orientéiert sech un der Biosphär, an där natierlech Kreesleef ëmmer nees oflafen. D’Ofbauprodukter déngen hei erëm als Buedem, Dünger oder Ausgangsstoffer fir nei Produkter. Dofir schwätzt een och vum “Cradle-to-cradle”-Prinzip (d.h. vun der Wéi an d’Wéi).

Eng bedeitend Roll spillt an der „Circular Economy” dofir d’widderhuelt Erëmbenotzen (Kaskadennotzung) vu Produkter a Wueren, fir ugefallen Offallprodukter als Sekundärréistoffer weiderverwäerten ze kënnen. Sekundärréistoffer si Stoffer, déi no enger entspriechender Opbereedung erëm als Ausgangsstoffer fir d’Hierstellung vun neie Wuere benotzt kënne ginn an net als Offall deponéiert oder entsuergt musse ginn.

 

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission