[LB]

Kompetenzzenter –

iwwert den Notze vun der perséinlecher a betrieblecher Weiderentwécklung "vu klengem un"

Am Kader vum nationalen Offallwirtschaftsplang an dem nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung setzt sech d'SuperDrecksKëscht® fir eng ëmweltgerecht, energie- a ressourcëschounend Gesellschaft an.

Mä wat heescht Nohaltegkeet? Mat dëser an aneren ekologesche Froe beschäftege mir eis an diverse Coursen, Aus- a Weiderbildungen an am Kader vun de Visitten am SDK-Logistikzenter. Déi verschidden Zilgruppe sinn:

  • Scho klenge Kanner ab dem „Spillschoulsalter“ kënne Begrëffer wéi „Nohaltegkeet“ vermëttelt ginn. Dobäi geet et net ëm iergendwellech Fakten an Definitiounen, mä dorëm, de Kanner ze weisen, mat wéi enge klenge Saachen am Alldag si d'Ëmwelt schütze kënnen, z. B andeems den Offall getrennt gëtt.
  • Och an de Schoulen ass d'Thema Nohaltegkeet Programm. Et betrëfft op där enger Säit d'Unterrechtsinhalter, an op där anerer d'Schoul als alldeeglecht Liewens- a Léierëmfeld, d'Unterrechtsmaterialien an och d'nohaltegt Verhale vun de Schüler/innen a vum Léierpersonal. Betriblech Weiderbildungen, fir d’Ëmweltmanagementziler an der Entreprise ze erreechen, bréngen net nëmmen ekologesch, mä och kloer ekonomesch Virdeeler.
  • Betriblech Aarbechtsofleef kënne méi effikass gestalt an d'Aarbechtssécherheet verbessert ginn, andeems all d’Mataarbechter regelméisseg u Formatiounen deelhuelen. Visitte bei eis am Betrib sinn interessant a maache virwëtzeg, woubäi Virwëtz souwisou eng Fäegkeet ass, déi ee sech bis an den héijen Alter erhale sollt.

Léier, als géifs du éiweg liewen“. (Mahatma Gandhi)

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission