[LB]

Qualifikatiounszenter - hei ka jiddereen eppes léieren

Vermeidung ass dat wichtegst Zil vun der SuperDrecksKëscht®. All Gramm un Offäll, dat manner ufält, ass e Succès. Am SuperDrecksKëscht®-Zenter ginn dofir regelméisseg Presentatiounen, Formatiounen a Seminarer iwwer Offallvermeidung an nohaltege Konsum organiséiert.

D'Partner vun der SuperDrecksKëscht®, z.B. d'Recyclingzenteren an aner Kooperatiounspartner, kréien hei eng qualifizéiert Weiderbildung an hiren Aarbechtsberäicher. De Schwéierpunkt läit dobäi op dem sécheren Ëmgank mat problemateschen Offäll.

An Zesummenaarbecht mat ëffentlechen Ariichtungen aus dem Bildungs- a Sozialberäich ginn am SuperDrecksKëscht®-Zenter berufflech Weiderbildungsmoossnamen duerchgefouert. Hei léieren d'Participanten e responsabelen Ëmgang mat Matière-premièren an Energie.

Och Entreprisen, Schoulen an aneren Acteuren aus der Gesellschaft steet de Qualifikatiounszenter vun der SuperDrecksKëscht® op.

Kontaktéiert eis!

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission