[LB]

Circular Economy

D'Offer riicht sech un all d'lëtzebuergesch Betriber. Als Effektivitéitsmotor an domat Innovatiounsdreiwer huet d'„Circular Economy“ e risegt ekonomescht Potential. Dat hu scho vill Entreprisen a Regierungen erkannt a scho fréizäiteg op d'positiv ëmweltrelevant Effete vum Recycling an dem neien Design vu Produiten a Prozesser gesat. Als Loun vun der Innovatioun generéieren d'Entreprisen elo mat däitlech manner Material- an Energiekäschte méi héich Gewënner a séchere sech doriwwer eraus grouss Wettbewerbsvirdeeler, déi donieft och positiv Effeten op d'Ëmwelt hunn. Jiddereen, deen un der wirtschaftlecher, strategescher an nohalteger Weiderentwécklung vu sengem Betrib interesséiert ass, sollt eppes zur „Circular Economy“ bäidroen.

FORMATIOUNSSCHWEIERPUNKTEN

D'Modul „Circular Economy“ huet als Zil, en Abléck an d'Entwécklung vun der Wegwerfgesellschaft hin zur zirkulärer Wäertschöpfung ze ginn. Et gëllt, dat Wiesentlecht vun enger Kreeslafwirtschaft ze erkennen, nämlech, dass Produiten a Wueren e puer Kéiere benotzt an um Enn vun hirem produktive Liewen als secondaire Matière-premièrë recycléiert ginn. D'quantitativ a qualitativ Wäertschöpfung spillt hei eng grouss Roll, déi mëttels enger innovativer Berechnungsmethod – dem vun der SDK entwéckelten „Produktpotential“ – erëmgespiggelt ka ginn.

„Produktpotential“ ass eng wichteg Viraussetzung fir eng funktionéierend „Circular Economy“!

MODULLEN:

Circular Economy a Produktpotential

 

Méiglech Sproochen firt Formatioun sinn Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch. Englesch op Ufro. 

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission