[LB]

EcoCleaner - ekologescht Botze vu Gebaier

D'Formatiounsmodulle vum „EcoCleaner“ baséieren op dem europäesche Weiderbildungsprojet „Leonardo – lifelong learning“. Zesumme mat däitschen an éisträichesche Partner goufen d'Inhalter an enger zweejäreger Projetsphas ausgeschafft an an den dräi Länner duerchgefouert. Well d'Formatioune vill Zoulaf haten, huet d'SuperDrecksKëscht® decidéiert, den EcoCleaner no dem Enn vum Projet weider unzebidden. Dës Formatioun dauert dräi Deeg, si gouf un den nationale Kontext ugepasst a kann a Form vun eenzelen Dagesmodullen oder als Komplettformatioun gebucht ginn. D'Modulle ginn d'ganzt Joer iwwer a regelméissegen Ofstänn ugebueden (cf Formatiounskatalog 2017).

Iwwersiicht EcoCleaner-Inhalter (3 Deeg) :

Reflexioun iwwert de Beruff

  • Vir- an Nodeeler
  • Verantwortung
  • Ëmwelt an Nohaltegkeet

Ëmweltfaktoren an Dimensioune vun der Nohaltegkeet

  • Nohaltegkeet an der Praxis
  • Wéi beaflosst d'Botzen d'Ëmwelt?

Ekologescht Botzen an dräi Etappen

  • Ekologesch Produiten an hir Doséierung
  • Iwwerflësseg Produiten
  • Sinner'sche Krees

Botzchemie

  • Inhaltsstoffer vu Botzmëttelen
  • pH-Wäert a korrekt Benotze vun de Produiten
  • Toxikologie a Gefore vu Botzmëttelen
  • Aarbechtssécherheet (Protektioun, Hänn, Sécherheetsdateblieder …)

Botzmethoden

  • Botze vu Surfacen a Sanitäranlagen
  • Mikrofaser
  • Praktesch Tipps fir eng richteg Haltung (Ergonomie) beim Botzen
  • Botzen a Fleeg vu Biedem – manuell a maschinell

 

Informatiounen iwwert déi eenzel EcoCleaner-Deeg: 

Eco Cleaner - DAG 1                          Eco Cleaner - DAG 2                       Eco Cleaner - DAG 3

 

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwert de Formatiounsprogramm, d'Formatiounsofferen an d'Umeldung:

Malou Origer +352 488 216-228 oder training@sdk.lu

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission