[LB]

Aarbechtssécherheet

Dës Offer riicht sech u Persounen, déi am Kader vun hirer Aarbecht potentielle Geforen ausgesat sinn oder mat geféierleche Produite schaffen. E responsabelen Ëmgang mat Maschinnen, Produiten, Aarbechtsgeräter an enger perséinlecher Schutzausrüstung ass wichteg, fir Accidenter ze evitéieren. Forméiert Personal dréit zu méi Aarbechtssécherheet bäi an domat ë. a. zu manner Absenteismus wéinst Krankeschäiner.

FORMATIOUNSSCHWEIERPUNKTEn

D'Modullen am Beräich Aarbechtssécherheet solle fir d'Sécherheetsaspekter op der eegener Aarbechtsplaz sensibiliséieren. Et fänkt domat un, Geforen iwwerhaapt emol ze erkennen a sech dann entspriechend korrekt ze verhalen. Dozou gehéiert de richtegen Ëmgang mat der perséinlecher Schutzausrüstung a mat Sécherheetsinstallatiounen, d'Evitéiere vun Accidenter aus perséinlechen, organisatoreschen oder technesche Grënn an d'Wëssen iwwert d'Geforepotential vu Produiten unhand vun hire Geforesymboler a Sécherheetsdateblieder.

Chemescht Grondwësse kann dobäi hëllefen, Zesummenhäng a Gefore besser ze verstoen. Munch Modulle si speziell op den Ëmgang mat deelweis extrem geféierleche Produitsgruppen ausgeluecht, z. B. Pestiziden, an ëmfaassen Tipps fir d'Lagerung an d'Entsuergung.

Just wien d'Gefore kennt, ka sech an anerer schützen !

MODULLEN:

Allgemeng Aarbechtssécherheet ( 1 Dag)

Allgemeng Chimie (fir Net-Chemiker) (½ Dag)

SDK-Betribs- an Zortéieruweisungen∗ (½ Dag)

Lagerung vu geféierleche Produiten (½ Dag)

Sécheren Ëmgang mat geféierleche Produiten (jeeweils ½ Dag)

Basisformatioun Aarbechtssécherheet / Chimie (2 Deeg)

∗ fir Kooperatiounspartner

Méiglech Sproochen firt Formatioun sinn Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch. Englesch op Ufro. 

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission