[LB]

Ekologescht Botzen / EcoCleaner

D'Offer riicht sech virun allem u Betriber mat eegenem Botzpersonal, u professionell Botzbetriber, u Gemengen a Persounen, déi an dësem Beruff Fouss faasse wëllen. E professionellen Ëmgang mat de Botzgeräter, -maschinnen an -produiten, zesumme mat enger gudder Aarbechtsorganisatioun, erméiglechen et, ekologesch ze botzen. Qualifizéiert Botzpersonal kann derzou bäidroen, d'Botzkäschten ze reduzéieren an d'Botzqualitéit an d'Aarbechtssécherheet ze verbesseren.

FORMATIOUNSSCHWEIERPUNKTEN

D'Modullen am Beräich „ekologescht Botzen“ maachen däitlech, dass professionellt Botzen net datselwecht ass wéi Botzen an engem Privatstot. Fir d'éischt emol ass et wichteg, den Dreck richteg ze erkennen, fir dann de richtege Produit an déi richteg Method uwenden ze kënnen! Adaptéiert Methoden, Produiten a professionellt Hannergrondwësse si Garant fir en optimaalt Botzresultat an d'Zefriddenheet vum Client.

Ekologescht Botzen heescht och, d'Botzpersonal fir Ëmweltaspekter ze sensibiliséieren. Dat fänkt scho bei der richteger Doséierung un an ëmfaasst d'Botzchimie (z. B. pH-Wäert, Toxikologie vun den Inhaltsstoffer etc.), den Offall an d'Léiere resp. Adaptéiere vun de Methoden, fir Sanitäranlagen, Surfacen a Biedem no dem aktuelle Stand vun der Botztechnik ze botzen.

Ekologescht Botze wëll geléiert sinn !

 

MODULLEN:

Ecocleaner ( 3 Deeg)

"ABC vum Botzen"(1 Dag)

Ekologescht Botzen: "Buedemfleeg" (1 Dag)

Ekologescht Botzen: "Plangen an Organiséieren"(½ Dag)

Hygiène: Botzen an der Schwämm (½ Dag)

Hygiène: Botzen an der Kichen (½ Dag)

Buedemfleeg: Lino / Plastiksbiedem (1 Dag)

Buedemfleeg: Hëlze Biedem (½ Dag)

Buedemfleeg: Stenge Biedem (½ Dag)

 

Méiglech Sproochen firt Formatioun sinn Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch. Englesch op Ufro.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission