[LB]

Offallvermeidung an Offallwirtschaft zu Lëtzebuerg

D'Offer riicht sech souwuel u Betriber wéi och u Gemengen a staatlech Ariichtungen, déi hir Offallwirtschaft optiméiere wëllen. Eng intelligent Offallwirtschaft erméiglecht d'Recycléiere vun de Produiten a reduzéiert oft d'Entsuergungskäschten. D'lëtzebuergescht Offallgesetz vun 2012 fuerdert e Maximum un Offallvermeidung an -trennung, z. B. och fir Residencen.

FORMATIOUNSSCHWEIERPUNKTEN

D'Modullen am Beräich „Offallwirtschaft“ ginn en Iwwerbléck iwwert d'national Offallwirtschaft. D'Schwéierpunkte bilden d'rechtlech Grondlag, d'Entsuergungs-Verwäertungs-Infrastruktur an de korrekten Ëmgang mat Offall hisiichtlech Sammlung, Trennung, Lagerung an Transport.

Et gi vill praktesch Beispiller, déi weisen, dass Offallvermeidung net gläichzesetzen ass mat Konsumverzicht. Intelligente Konsum (clever akafen) schount d'Ëmwelt. Awer net ëmmer léisst sech den Offall ganz evitéieren, mä: „Et ass e groussen Ënnerscheed, ob d'Produiten an der Poubelle oder am Recycling landen.“

D'Haaptzil vun all Offallwirtschaft ass a bleift d'Offallvermeidung!

MODULLEN:

Offallwirtschaft zu Lëtzebuerg ( 1 Dag)

Offallpreventioun (½ Dag)

Lagerung an Transport vun Offäll (½ Dag)

Offallverwäertung / Entsuergung (½ Dag)

Offallbeoptraagten am Betrib (CNFPC) (3 Deeg)

 

Méiglech Sproochen firt Formatioun sinn Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch. Englesch op Ufro.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission