[LB]

Äre Partner fir Ëmweltpädagogik - Léiere vu Klengem un !

Dat héchsten Zil vun der SuperDrecksKëscht® ass d’Offallvermeidung. Jiddwer Gramm Offäll, dat manner ufält, ass en Erfolleg. D'SuperDrecksKëscht® entwéckelt dofir regelméisseg hir pädagogesch Konzepter zum Thema Offallvermeidung an nohaltege Konsum weider.

Sief et an der Schoul, an de Maison-Relaisen, a Wunngruppen oder a soss iergendwelleche Strukturen, mat der Equipe vun der SuperDrecksKëscht® als Kooperatiounspartner kréien d’Léierpersonal an d’Educateuren nei Impulser fir nohalteg Aktivitéite mat Kanner.

Bei hirer Visite zu Colmar-Bierg gi Kanner a Jugendlecher vill gewuer iwwer d’Aktivitéite vun der SuperDrecksKëscht®, iwwer Offalltrennung, Recycling an Nohaltegkeet. Op Wonsch besichen eis Mataarbechter och gär déi genannten Ariichtunge fir d’Fachpersonal bei enger ganzer Rei vun ëmweltpädagogeschen Aktivitéiten, wéi z.B. Atelieren, Spiller, Entwécklung vun Unterrechtsmaterial z’ënnerstëtzen. Dobäi leeë mir ganz grousse Wäert op eng altersgerecht Vermëttelung vun den Inhalter.

Kontaktéiert eis!

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission