[LB]

SDK an der Schoul

SDK an der Schoul gouf an éischter Linn fir d’Léierpersonal an de Lëtzebuerger Grondschoule konzipéiert. Eng Auswiel u Modullen zum Thema „Nohalteg Offallwirtschaft“ erméiglecht dem Léierpersonal, Ëmweltpädagogik ganz onkomplizéiert an hiren alldeeglechen Unterrecht ze integréieren. D’Modullen fügen sech wonnerbar an den nationale Léierplang an a kënnen ouni vill Opwand an deenen eenzelne Fächer vun den Zyklen 1 bis 4 ëmgesat ginn.

Mat all Modul kritt Dir als Léierkraaft en iwwersiichtleche Guide fir d’Ëmsetzung souwéi genuch Hannergrondinformatioune fir eng einfach Virbereedung vum Unterrecht. Dodran enthale si fäerdeg Aarbechtsblieder, Texter, enregistréiert Echantillonen fir ze lauschteren, Filmer an detailléiert Erklärungen zum Modulobjektiv. Mat dem Konzept SDK an der Schoul kritt Dir eng wäertvoll Ënnerstëtzung a Form vun engem ofwiesselungsräichen, léierräichen a liicht ëmsetzbare System mat flotten Aktivitéite fir all Grondschoul a fir all Zyklus.

An dat Bescht zum Schluss: Op Wonsch stinn Iech d’Fachleit vun der SuperDrecksKëscht® mat Rot an Dot a Material zur Säit.

ANIMATIOUNS-SCHWÉIERPUNKTEN

D'Konzept SDK an der Schoul bitt ënnerschiddlech Schwéierpunkten a kann individuell un d’Besoine vun Ärer Klass ugepasst ginn. Alleguerten d’Modullen hunn allerdéngs ee gemeinsamt Zil – de Kanner hiert Verständnes fir eis Natur an Ëmwelt ze fërderen. Duerch den Asaz vun alleguerten hire Sënner an alleguerten hire Kompetenzen, gëtt d’Thema „Nohalteg Offallwirtschaft“ de Kanner altersgerecht a mat vill Spaass méi no bruecht.

Modullen:

Zyklus 1: 4 Modullen

Zyklus 2: 6 Modullen

Zyklus 3: 5 Modullen

Zyklus 4: 7 Modullen

De Virwëtz ass den onstëllbaren Duuscht no Wëssen!

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eist Konzept „SDK an der Schoul“: Nadine Schneider +352 488 216-234 oder nadine.schneider@sdk.lu

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission