[LB]

SDK on Tour - de Facelift vun eisem "SuperSpillMobil"

D'Offer SDK on Tour begräift en ofwiesselungsräiche Repertoire un Atelieren a Spiller, déi vun eise Fachleit entwéckelt a geleet ginn. Ob dobannen oder dobaussen, mir si fir alles equipéiert. Kanner a Jugendlecher spilleresch a kreativ an d’Welt vun der Nohaltegkeet anzeféieren erfuerdert Kreativitéit a Flexibilitéit, an dofir beinhalt SDK on Tour wäit méi wéi eist albekannte „SuperSpillMobil“. Natierlech bleift dat beléifte Gefier mat dem „Déierchen“ opgrond vu sengem héije Erëmerkennungswäert och weiderhin am Asaz. Inhaltlech wäerten awer nei Spillvarianten ëmmer nees fir Spaass an Ofwiesselung suergen. Loosst Iech iwwerraschen!

ANIMATIOUNS-SCHWÉIERPUNKTEN

Mat SDK on Tour erfëlle mir eng vun eisen Häerzensugeleeënheeten, déi dra besteet, jonke Mënschen en Abléck an top aktuell Ëmweltthemen ze ginn an domat e Grondsteen ze leeë fir eng verantwortungsbewosst, nohalteg Gesellschaft.

Déi eenzel Ateliere vermëttele wichteg Informatiounen iwwer den Ëmgang mat wäertvolle Ressourcen: mat der Natur, mat den Déieren an am Allgemenge mat eiser Ëmwelt. D’Kanner an déi Jugendlech léiere firwat Offalltrennung a Recycling e wichtege Bestanddeel vun der nohalteger Zukunft sinn, firwat et esou wichteg ass, d’Natur ze schützen a wéi jiddwer eenzelen dozou bäidroe kann. Dobäi steet dee gemeinsame Spaass natierlech un alleréischter Plaz.

D’Sensibiliséierung fir eng nohalteg Zukunft fänkt mat der Sensibiliséierung vun deene jonke Generatiounen un!

Atelieren:

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission