[LB]

SDK Theater - Gitt Regisseur vun enger spannender Geschicht

Bühn fräi! D'Aktivitéit SDK Theater baséiert op där spannender Geschicht „D`Geschicht vum Offallmonster“ (kuckt den Atelier „Geschichten erliewen!“). Eng Geschicht virliesen ass schéin an entspaant, déi selwecht Geschicht selwer ze spillen ass spannend!

Theater ass eppes ganz Besonnesches an eben net nëmme fir Erwuessener geduecht. Beim SDK Theater weisen d’Schoulkanner hirem Publikum wat fir positiv Auswierkungen eis cibléiert Handlunge bei der Offalltrennung op d’Natur an d’Zukunft vun de Mënsche kënnen hunn.

D’Geschicht vum Offallmonster ass esou konzipéiert, datt se vu Kanner vu verschiddenen Altersklassen op d’Bühn bruecht ka ginn, zum Beispill vu Schoulklassen, Maison-Relais-Gruppen, Jugendgruppen oder och vu Wunngruppen. Dobäi sinn hirer Kreativitéit als Regisseur, Schauspiller, Visagist, Bühnemoler, Kostümbildner, Coiffer oder esouguer Museksdirekter „keng Grenze“ gesat.

ANIMATIOUNS-SCHWÉIERPUNKTEN

D'Schwéierpunkten vum SDK Theaters leien dodran, de Kanner a Jugendlechen duerch hir eege Gestaltung an Duerstellung vun der „Geschicht vum Offallmonster“ d’Méiglechkeet ze bidden, an nei Rollen ze schlüpfen an dobäi hir verstoppten Talenter z’entdecken. Mat Spaass kënnen si dat wichtegt Thema vun der Offalltrennung fir sech entdecken an déi eegen Erkenntnesser selwer un hiert Publikum weiderginn.

SDK Theater fir eng nohalteg Zukunft!

Kontaktéiert eis fir individuell Informatiounen iwwer eisen SDK Theater:

Nadine Schneider +352 488 216-234 oder nadine.schneider@sdk.lu

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission