[LB]

Eis Ëmwelt spillend erliewen: d'SuperSpillMobil

"Maach mat - Spill mat - Gewann mat"

D’Kanner sinn di bescht Multiplikatore fir ëmweltbewosstent Handelen. Wat läit also méi no, wéi d’Kanner op eng spilleresch Manéier z’informéieren an se fir en ëmweltbewosstent Handelen ze sensibiliséieren. Aus deem Gronn ass d’SuperSpillMobil entwéckelt ginn, en ëmgebaute SuperDrecksKëscht®-Container, wiederonofhängeg, mobil an dofir villsäiteg ze gebrauchen.

D'SuperSpillMobil offréiert Spiller, déi fir verschidden Altersgruppen, vun der Spillschoul bis zum Teenager, konzipéiert sinn. Och erwuesse Leit hu vill Spaass mat eise Spiller, besonnesch am Concours mat hire Kanner. D’Spiller kann een eleng oder an der Grupp spillen, a jidder Spiller kritt e Merci.

Dat aktuellt SuperSpillMobil huet dës Spiller:

  • Super-Wierfel-Spill: e Mannschaftsspill mat Froen an Äntwerten aus dem Ëmweltberäich
  • Wat fille mer: Ertaaschten vun net siichtbare Saachen
  • Liewensraim: Déieren richteg logesch an hir Ëmwelt klasséieren
  • Froen an Äntwerte-Quiz: E Froen an Äntwertespill net nëmmen zum Thema Offall mä zu allen Themaen vun der Ëmwelt.
  • Waasser-Spill: E Froen an Äntwertespill iwwer den ökologesch richtege Ëmgang mat Waasser.
  • Dat Energiespill „Spuer Watt!”
  • Weierspill: e modernt kreativt Spill fir matzemaachen

D'SuperSpillMobil bitt domat net nëmme verschidde Spiller mat ënnerschiddlechen Themaschwéierpunkten, mä inhaltlech och ënnerschiddlech Schwieregkeetsgrade fir all Alter.

Kanner, Jugendlecher an och Erwuessener z'informéieren an zu engem ëmweltbewossten Handelen ze sensibiliséieren - dat ass d'Zil vum SuperSpillMobil.

D'SuperSpillMobil gëtt mat kompetentem Personal zur Verfügung gestallt, sou datt den Organisateur keen eegent Personal brauch.

Fir d'Motivatioun ze vergréisseren, gewënnt all Matpiller eng Klengegkeet, z.B. e Gummi, e Bläistëft oder eng aner Belounung.

Technesch Daten:

D'Spiller kënnen no Thema Waasser, Energie oder Offalltrennung, zesummen oder eenzel gebucht ginn.

D'SuperSpillMobil ass 8 m laang, 4,50 m breet an 2,20 m héich. Zousätzlech brauch een Plaz fiert ausklappen vun de Säitewänn. De SuperSpillMobil – Pavillon huet eng Surface vun 3x3 m an eng Héicht vun 2,30 m.

 

D'SuperSpillMobil gëtt de Schoulen, de Veräiner oder de Gemenge vu Lëtzebuerg gratis zur Verfügung gestallt, a wann Dir wëllt, kritt Dir et och fir Är Organisatioun.

Et ass zënter 1996 mat groussem Erfolleg am Asaz, an der Moyenne, méi wéi een Dag an der Woch.

Weider Informatiounen an Ufroe kritt Dir iwwer Telefon 488216-350 (Mme Nancy Ludwig) oder iwwer E-Mail nancy.ludwig@sdk.lu.

 

Déi aktuell SuperSpillmobil-Broschür kënnt Dir als pdf-Datei downloaden oder bei ons bestellen.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission