[LB]

Kompetenzzentrum – am Interessi von eiser nationaler Economie

Am Kader vum nationale Plang vun der Offallsgestioun a fir eng nohalteg Entwécklung ass et d’Aufgab vun der SuperDrecksKëscht® sech fir eng ëmweltfrëndlech, energiebewossten Gestioun, am Respekt mat der Matière première, anzesetzen.

Am private Beräich

Zesummen mat Konsumentenassociatiounen a mam Handel setzt d’SuperDrecksKëscht® sech fir en nohaltegen an intelligenten Konsum an, d.h., Vermeide vun Offall a Kaf vun ökologescher Produiten. Vum SuperDrecksKëscht®-Zenter aus ginn all dës Aktivitéite koordinéiert.

Ekonomie

An der Ëffentlechkeet héiert ee leider ëmmer nach, datt d’Moossnamen fir d’Ëmwelt ze schounen, wéi Offalltrennen oder alternative Produiten ze gebrauchen, fir e Betrib ze deier ginn. Mä d’Erfahrung vu ville Betriber huet ewell bewisen, dat genee de Géigenteel zoutrëfft. Eng ökologesch Offallsgestioun bréngt manner Käschten an etlech aner Virdeeler, wéi z.B., an der Gesondheetspreventioun.

Manner Käschten gëtt et net nëmmen duerch manner Entsuergungskäschten, mä miessbar ökonomesch Virdeeler ergi sech duerch, z.B.

  • méi en efficacen Aarbechtsoflaf
  • eng gréisser Aarbechtssécherheet.

Bei Tagungen an Ausstellungen amSuperDrecksKëscht®-Zenter kënnen déi verschidde Betriber hiren Know-How un déi ganz Ekonomie weiderginn.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission