[LB]

Schoulungen a Weiderbildungen:

Sécherheet an Zukunft – Léiere fir eng nohalteg Entwécklung vu Lëtzebuerg

Ouni andauernd Léieren a Weiderbilde geet näischt méi – dëst gëlt haut fir all Beräicher vum deegleche Liewen a vun der Aarbecht.

Och a klassesche Liewensberäicher wéi den Akaf vu Produkter (Konsum), d‘Entsuergung vun Offallprodukter (Réckkonsum) oder d‘Erhalungs- a Fleegeaarbechten (wäschen, botzen, propper maachen asw.) ass e genügend Wëssen iwwer d‘Hannergrënn an d‘Zesummenhäng ganz virdeelhaft. Genügend Wëssen heescht:

  • Schutz vun der eegener Gesondheet
  • Käschtenerspuernes
  • Erhale vun eiser natierlecher Ëmwelt a Ressourcen

D'SuperDrecksKëscht® ass net nëmmen nationale Spezialist fir d‘Asammlung vu Problemprodukter an d‘Berodung fir eng ökologesch Offallwirtschaft. Si huet mat de Joeren e groussen Know-How entwéckelt, fir eng nohalteg Materialwirtschaft am ökologeschen an ökonomesche Sënn mat héichwäerteger Qualitéit an am Interessi vu Staat, Verbraucher a Wirtschaft ze realiséieren. Dëst bedeit den Ofstand vun der traditioneller Trennung vu Versuergung an Entsuergung hin op d‘Réckkonsumwirtschaft, vernetzt mat der Konsumwirtschaft. Hire praxisorientéierten Know-How gëtt d‘SuperDrecksKëscht® am Kader vu Schoulungen a Visitte weider. Si leescht domat e wichtege Bäitrag, wann et dorëm geet, d‘Zukunft vu Lëtzebuerg an de Wuelstand vun de Bieger z‘erhalen an ze sécheren - duerch Ëmweltinnovatioun bis hi bei d‘Ressourceneffizienzwirtschaft.

D’Offer vun der SuperDrecksKëscht® riicht sech besonnesch un:

  • Verantwortlecher fir Offallwirtschaft an Aarbechtssécherheet
  • Verantwortlecher fir den Akaf an d‘Uwendung vu Botzmëttel
  • Botzaarbechter
  • Leit op der Sich no Aarbecht a Weiderbildungsmoossnamen
  • Interesséiert Persounen

 

Video

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission