[LB]

EcoCleaner – Modul iwwer ökologeschen Entretien vu Gebaier

De Schoulungsmodul EcoCleaner baséiert um europäesche Weiderbildungsprojet „Leonardo – life long learning“. Zesumme mat däitschen an éisterrächesche Partner goufen an enger 2-järeger Projektphas d‘Schoulungen ausgeschafft an an deenen dräi Länner duerchgefouert. D‘Schoulungen hunn e ganz groussen Erfolleg gewisen an dofir huet d‘SDK decidéiert d‘Schoulungen nom Enn vum Projet weiderhin unzebidden. Déi 3-deegeg Schoulung gouf un déi nationalen Realitéit ugepasst a kann a Form vun eenzelen Dagesmoduler oder als Komplettschoulung gebucht ginn. D‘Moduler ginn dat ganzt Joer iwwer a reegelméissegen Ofstänn ugebueden.

EcoCleaner - Beruffsbild/Offallwirtschaft Aarbechtssécherheet

Botze kann nach laang net jiddereen. Deen erfuerderlechen Knowhow och a Bezuch op d‘Ëmwelt- an d’Nohaltegkeetsaspekter ze vermëttelen ass Deel vun dësem Schoulungsmodul. Tipps a Beispiller, wéi een Offäll am privaten a berufflechen Ëmfeld vermeide kann, sollen Aspuerpotentialer opweisen an domat eng Reduktioun vun den Entsuergungskäschten erméiglechen. D‘Aarbechtssécherheet am Hibléck op déi richteg ergonomesch Haltung sou wéi de Schutz vun der Haut si ganz wichteg Aspekter. Mat all dëse Punkte geet de Schutz vun der Ëmwelt Hand an Hand an domat eng nohalteg Ausübung vum Beruff.

D'Zil

D’Schafe vum Bewosstsäi fir dat de Moment a Lëtzebuerg nach net existéierend Beruffsbild vun der Botzkraaft mam Schwéierpunkt vum ökologesche Botzen. Am Vierdergrond steet d‘Gesondheet vum Botzpersonal an d‘Schounung vun der Ëmwelt am Hibléck op de korrekten Ëmgang mat de Botzmëttel.

Fir nohalteg an effizient botzen ze kënnen ass et néideg d‘Geféierlechkeet an d‘Auswierkunge vu Botzmëttel fir de Mënsch an d‘Ëmwelt ze kennen. D‘Funktiounsweis vun engem Botzmëttel ze verstoen an d‘Haaptbestanddeeler sou wéi de pH-Wäert ze kennen, sou wéi e Faarwecode ze berécksiichtege sinn d‘Virrausetzung fir e professionellen Ëmgang mat dëse Mëttelen. D‘Chemikaliekennzeechnung ass e wichtigen Indiz fir d‘Geféierlechkeet vun engem Botzmëttel. Dat richtegt Botze fänkt bei der Wiel vum Botzmëttel a vum Materials iwwer déi perséinlech Schutzausrüstung bis bei déi richteg Haltung an Technik un.

D'Zil

Den zweeten Deel vun der Schoulung „EcoCleaner“ schwätzt jiddereen un, déi sech eng Basis am nohaltegen, ökologeschen an ökonomesche Botzen erschaffe wëllen. Déi theoretesch Inhalter ginn a ville prakteschen Übungen direkt ëmgesat an erléiert.

EcoCleaner- Botztechnike fir Biedem

Dat maschinellt Buedembotzen ass e wichtegen Aspekt am professionelle Botzen a soll d‘Aarbecht erliichteren. Eng Erliichterung stellt den Asaz vu Maschinnen awer nëmmen dann duer, wann een d‘Maschinnen uerdnungsgeméiss bedénge kann an déi richteg Kierperhaltung garantéiert ass.

D'Zil

Den drëtten Deel vun der Schoulung „EcoCleaner“ beschäftegt sech intensiv mat de verschiddene Buedemaarten an dem dozougehéierege Buedembotzen mat oder ouni Maschinnen. D’Erkenne vun de verschiddene Buedemaarten ass d‘Viraussetzung fir d‘Wiel vum richtege Botzprodukt a vun der Botzaart, z.B. wéi ee Mop, wéi eng Maschinn, wéi ee Pad. Déi theoretesch Inhalter ginn a ville prakteschen Übungen direkt ëmgesat an erléiert.

Seminarinhalter:

Déi verschidde Variante vum manuellen a maschinellem Buedembotze gi virgestallt a fir déi richteg Ëmsetzung gi praktesch Übunge gemaach.

Offallvermeidung an Offallwirtschaft zu Lëtzebuerg

Sécherheit an Zukunft – de Motto vun der SuperDrecksKëscht®zënter méi wéi 30 Joer. D‘Offer riicht sech souwuel u Betriber, wéi och u Gemengen a staatlech Ariichtungen, déi hir Offallwirtschaft optiméiere wëllen. Eng intelligent Offallbewirtschaftung erméiglecht e Recycling vun de Produkter a reduzéiert dacks d‘Entsuergungskäschten. D‘Lëtzebuerger Offallgesetz vun 2012 fuerdert e Maximum un Offallvermeidung an –Trennung, z.B. och fir Méifamilljenhaiser.

D'Zil

D‘Schoulung soll de Participanten/Innen un Hand vu ville Beispiller weisen, datt Offallvermeidung net gläichzesetzen ass mat Konsumverzicht. Intelligente Konsum, och duerch d‘Kampagn „Clever akafen“, bitt d‘Méiglechkeet op Alternativprodukter oder -Methoden zréckzegräifen, ouni d‘Ëmwelt ze staark ze belaaschten. Net ëmmer léisst sech den Offall ganz vermeiden, awer et ass e groussen Ënnerscheed, ob d‘Produkter an der Dreckskëscht oder am Recycling landen. D‘Recyclingméiglechkeeten, déi a Lëtzebuerg bestinn, gi gewisen an duerch e Besuch an engem Offallsyndikat verdäitlecht.

Seminarinhalter:

Wéi léisst sech Offall vermeiden a wat ka jidder eenzele maachen. Wéi eng Méiglechkeeten huet e Betrib fir Offall ze vermeiden a wat bréngt dëst op finanziellem Niveau. Wéi eng Méiglechkeete gëtt et a Lëtzebuerg fir Offäll ze recycelen a wéi funktionéiert et. Duerch de Besuch vun Offallbehandlungsanlagen soll en Abléck iwwer d‘Problematik gi ginn a Léisungsusätz gewise ginn.

Chemie am Alldag

Chemie ass fir ville vun eis e Buch mat siwe Sigelen, dobäi ass se allgéigewäerteg a begéint eis Dag fir Dag op en Neits. Schonn d’Bake vun engem gudde Kuch ass e komplexe Virgang, bei deem chemesch Prozesser a Gang gesat ginn. Och an eisem Kierper lafen – beispillsweis beim Iessen - onënnerbrach chemesch Prozesser of. Schliisslech besteet déi ganz Welt aus chemeschen Elementer, déi op villfälteg Manéier matenee verbonne sinn. Chemie beinhalt d‘Léier vun der Ëmwandlung vu Stoffer, déi all aner Naturwëssenschaften, vun der Biologie iwwer d‘Physik bis bei d‘Medizin matenee verbënnt. Dofir sollt jidderee vun eis e bësse vun der Chemie verstoen.

D'Zil

D‘Schoulung soll virun allem Net-Chemiker, déi bis elo léiwer e grousse Bou ëm d‘Chemie gemaach hunn, d‘Schei virun dëser Wëssenschaftsdisziplin huelen. Si soll op der enger Säit eng Aféierung an d’Grondlage vun der Chemie ginn. Op der anerer Säit soll duerch uschaulech Experimenter a Froestellungen de kandleche Virwëtz an de schäinbar simple Virgäng an eisem Alldag erwächt ginn. Och gëeegent fir Schoulklassen.

Seminarinhalter:

D’Geschicht vun den zoufällegen Entdeckungen. Pionéier vun der Chemie als Wëssenschaft. Unuerdnung vun den Elementen. Wéi gesinn eigentlech Atomer aus? Wat si chemesche Reaktiounen? Wat geschitt an engem Labor? Zesummensetzung vun der Äerd, vum Mënsch… Chemie am Alldag mëttels einfache chemeschen Experimenter mat Produkter, déi een am Haushalt fënnt.

Sécheren Ëmgang mat Geforen

Egal ob Bäcker, Schräiner, Produktionsmataarbechter oder Coiffer, fir all Beruffsgruppe sinn Aarbechts- sécherheetsbestëmmunge gesetzlech virgeschriwwen. Awer trotzdem geschéie leider ëmmer erëm Accidenter op der Aarbechtsplaz, sief et opgrond vu perséinlechem Verscholden oder opgrond vun organisatoreschen oder technesche Mängel. Och wa Gesetzer d‘Aarbechtssécherheet reegelen a hir Anhalung vun der ITM (Inspection du Travail et des Mines) kontrolléiert gëtt, um Enn ka sech den Eenzelen nëmmen duerch d’Kennen an d’Wëssen vun de Geforen a richtegt Verhale schützen.

D'Zil

D‘Schoulung soll an enger opgelackerter Atmosphär d‘Wichtegkeet vum fir vill éischter dréchenen Thema Aarbechtssécherheet däitlech maachen. Ob selbstänneg, ugestallt oder Hausfra (-mann), jidderee sollt fir den Zweck vun der eegener Gesondheet a Sécherheet d‘Grondlage vun der Aarbechtsécherheet kennen.

Seminarinhalter:

Geforepotential, Beschëlderung, Gesetz, Schutzkleedung, Wat maachen, wann et brennt? Wéi sinn ech op der Aarbechtsplaz geschützt? Firwat geschéien Accidenter? Besiichtegung vun de Sécherheetsinstallatioune bei der SDK. Erkennen an Ëmgang mat Geforstoffer.

Besuch vum SuperDrecksKëscht®-Center zu Kolmer-Bierg

Sécherheet an Zukunft – de Motto vun der SuperDrecksKëscht® zëntr méi wéi 30 Joer, dëst kënnt Dir „live“ zu Kolmer-Bierg erliewen. D‘Problemstoffer, déi Dir bei der mobiler SuperDrecksKëscht® an der Gemeng oder um Recyclinghaff kënnt ofginn, kommen an de Logistikcenter a ginn hei kondizionéiert. Wann Dir innovativ Verwäertungsprozesser eemol ganz no wëllt gesinn, an iwwer de weidere Verbleif vun de Produkter méi Informatioune wëllt hunn, da sollt Dir eis besichen.

D'Zil

Méi Informatiounen an Transparenz an der Produktofwécklung féieren zu méi Sécherheet a Versteesdemech fir d‘getrennt Offallsammlung a Veraarbechtung. Nëmmen informéiert an opgekläert Bierger kënnen all Méiglechkeete vun der getrennter Sammlung ausschëpfen.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission