[LB]

D'Spiller am SuperSpillMobil

Froen an Äntwerte-Quiz

Material: Froebéi, Kaarte mat Zuelen a Mustere fir z’äntweren

Matspiller: ab 1 Spiller un, verschidde Schwieregkeetsgrade vu 5 bis 14 Joer

Et gi Froen iwwer allerhand Themae gestallt (Offall, Energie a Klima, Matière première, Natur, Verkéier), déi sech un ënnerschiddlech Altersniveauen adresséieren. Ënner verschiddene Méiglechkeete fir z’äntwere muss déi richteg Äntwert ausgewielt ginn. D’Kaart mat der Äntwert gëtt an e Gestell gestach. Ob d’Äntwerte richteg waren, léisst sech zum Schluss mat Hëllef vun engem Muster, dat sech op de Récksäite vun de Kaarten ergëtt, erkennen.

Liewensraim

Material: Këschte mat Liewensraim, Déier- a Mënschefiguren

Matspiller: vun 1 Spiller un, vu 3 bis zirka 6 Joer

Déieren- a Mënschefiguren mussen an déi richteg Liewensraim gesat ginn. Dat si Liewensraim aus sämtleche Klimazonen (Wüst, Tropen, Arktis). Dëst Spill weist de Kanner wéi wichteg et ass, d’Natur an d’Ëmwelt ze schützen.

Super-Wierfel-Spill

Material: e Spillplang, Wierfelen a verschiddene Faarwen, 5 Eemeren, 25 Bäll a 5 Faarwen

Matspiller: vu 1 Spiller un, zirka 7 bis 12 Joer

D’Thema ass, verschidden Offallkategorien vermeiden a verwäerten (Pabeier, Glas, Plastik, organeschen Offall a Problemmatièren). D’Kanner spillen je no Zuel entweder eleng oder a klenge Gruppen. Dat éischt Kand wierfelt, stellt sech op dat vum Wierfel gewisent Feld an däerf eng Fro beäntweren. Fir all richteg Äntwert gëtt et e Punkt. D’Zil ass, je e Punkt aus deene mat de 5 verschiddene Faarwen markéierte Kategorien ze sammelen an dann als éischt de SuperDrecksKëscht®-Männchen an der Mëtt vum Spillfeld ze erreechen.

Wat fille mer?

Material: eng Këscht mat Saache fir ze fillen, eng Spillkaart fir auszefëllen

Matspiller: fir 1 bis 12 Spiller, vu 7 bis zirka 10 Joer ( nëmme fillen - vu 5 Joer un)

D’Zil vum Spill ass de Kanner ze vermëttelen, datt d’Saachen aus ënnerschiddlechem Material sinn an dofir getrennt musse ginn, wann een se recycléiere wëllt.

D’Kanner taaschten duerch d’Lächer an den Tiräng a sollen déi Saach hannendrun erroden.

D’Nummer vum Lach gëtt zu dem richtegen Objet op der Spillkaart notéiert. An da ginn déi Objeten mat Feiler mat den ëmweltfrëndlechen Alternativen op der rechter Säit vun der Kaart verbonnen.

Waasser-Spill

Material: Spillplang, Spillkaarten

Matspiller: ab 1 Spiller, vu 5 bis zirka 12 Joer

Dëst Spill handelt vum richtegen Ëmgang mat Waasser a wéi en Afloss eist deeglecht Handele op d'Waasser huet.

Et geet ëm Iessen an Drénken, d.h. ëm Drénkwaasser a firwat de Konsum vu regionalen a biologesch ugebaute Produiten och gutt fir d'Waasser ass. Et geet ëm de Verbrauch vu Waasser bei der kierperlecher Hygiène, beim Botzen a Wäschen. Et geet drëm, wéi een am Gaart Waasser spueren an duerch manner Offäll a Recycling d'Waasser viru Verschmotzunge schütze kann.

Energie-Spill „Spuer Watt”

Material: eng Magnéittafel mat engem Haus dropgemolt, Magnéitplättercher fir un d’Tafel unzebréngen

Matspiller: vun 1 Spiller un, verschidde Schwieregkeetsgrade vu 5 bis 14 Joer

Thema vum Energie-Spill ass den Energieverbrauch am Haus. Klenge Kanner soll bewosst gemaach ginn, dat elektresch Apparaten net einfach esou fonktionéieren, mä wäertvoll Energie benotzen. Méi grousse Kanner soll den ënnerschiddlechen Energieverbrauch vu verschiddenen Apparate kloer gemaach ginn. Bei där méi schwéierer Versioun vum Spill geet et schliesslech dorëm, Méiglechkeeten ze weisen, wéi een Energie spuere kann.

Weierspill

Material: 2 grouss Weieren, 12 Evenementsfelder an 12 Séirousefelder fir ze verleeën

Matspiller: vun 1 Spiller un, verschidde Schwieregkeetsgrade vu 5 bis 12 Joer

D’Kanner sollen hëllefen, dee knaschtege Weier erëm an e propperen ze verwandelen, wou sech vill Déieren a Planze wuelfillen. Dobäi mussen se allerhand spaasseg Aktiounen erleedegen.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission