[LB]

Qualifikatiounszenter - hei ka jiddereen eppes léieren

Iewescht Zil vun der SuperDrecksKëscht® ass d’Verhënnere vun Offall. All Gramm, dee manner ufällt, ass e Succès. Dofir sinn an der SuperDrecksKëscht® regelméisseg Presentatiounen, Schoulungen a Seminären zum Thema Offall verhënneren an zum nohaltege Konsum.

D'Partner vun der SuperDrecksKëscht®, z.B. d'Recyclingsplazen oder d’Kooperatiounspartner kréien hei eng qualifizéiert Weiderbildung an hiren jeweilegen Aarbechtsberäicher. Schwéierpunkt heibei ass de sécheren Ëmgank mam Offaly.

Architekten an Ingenieure kréien am SuperDrecksKëscht®-Zenter eng Ausbildung, datt se Bauhären a Baufirmen am Hibléck op eng ökologesch a spuersam Gestioun vum Offall op Chantieren berode kënnen.

An Zesummenaarbecht mat ëffentlechen Arichtungen aus dem Bildungs- a Sozialberäich ginn am SuperDrecksKëscht®-Zenter beruflech Weiderbildungsmoossnamen duerchgefouert. Dobei léieren déi, déi hei matmaachen, e verantwortungsvollen Ëmgank mat der Matière première an der Energie.

Och Betriber, Schoulen an aneren Interesséierte steet de Qualifikatiounszenter vun der SuperDrecksKëscht® zur Verfügung.

Kontaktéiert eis!

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission