Drucken

Ëmweltgestioun – Certificatioun no ISO 14001

Zënter 1999 sinn d’Aktioune vun der SuperDrecksKëscht® fir Biirger, SuperDrecksKëscht® fir Betriber an d’SuperFreonsKëscht®  no ISO 14001 zertifizéiert. ISO 14001 ass en internationalen Qualitéitsstandard fir d’Ëmwelt-Management vun kommerziellen an industriellen Entreprisen. Haaptzil vun ISO 14001 ass eng permanent Verbesserung vum Ëmweltmanagement vun enger Entreprise, déi an de Beräicher mat Impakt op d’Ëmwelt schafft.

D’SuperDrecksKëscht® huet sech am Kader vun hirem Ëmwelt-Management verflicht, a ganz besonnesch, an der ökologescher Restructuratioun vun der Gesellschaft. Dobei spillen ë.a. dës Moossnamen an Aspekter eng Roll :

D’Ëmweltpolitik vun der SuperDrecksKëscht®

Et geet net duer, sech d’Ziler ze setzen, et mussen och Moossnamen getraff gin, fir dës Ziler ze erreechen. Déi konkret Ëmsetzung gëtt vum Saarlänneschen TÜV an engem Dreijoresrhythmus iwwerpréift. Déi lescht grouss Préifung war den 27. an 28. Juni 2005 mam Resultat, dat all d’Fuerderungen aus dem Ëmweltsgestiounssystem erfëllt goufen.