[LB]

Philosophie an Emweltpolitik

D'SuperDrecksKëscht®  ass eng Mark, déi am Kader vun den offallwirtschaftlechen Aufgabe vum Lëtzebuerger Stat entwéckelt golf. Hir Ausriichtung erfollegt no där hierarchesch geglidderter Strategie, déi d'EU virgëtt : Offallvermeidung virun der Opbereedung fir d'Weiderverwendung, virum Recycling, virun anerer Verwäertung ( z.B. energetesch Verwäertung ), virun der Eliminéierung vum Offall. Et ass d'Aufgab vun der SuperDrecksKëscht®, deen neiste Stand vun den Informatiounen ze notzen an ëmzesetzen, fir doduerch eng nohalteg Materialwirtschaft am ökologeschen an am ökonomesche Sënn mat héijem Qualitéitsusproch ze verwierklechen. D'Ausféierung vun där Aufgab mécht et da méiglech, eng Virbildfunktioun auszuüben, do wou eis Gesellschaft ökologesch ëmgeformt soll ging. Dës Virbildfunktioun ass dofir do, mam Zil vun der Ëmweltentlaaschtung an der Ressourceneffizienz allen Acteuren an der Wirtschaft Impulser ze ginn.

Unerkannt sinn d'Aktivitéite vun der SuperDrecksKëscht®  an der Tëschenzäit och vun der EU-Kommissioun, déi se mam Label 'best practice' am Beräich vum Erhale vun eise Ressourcen a vum Klimaschutz ausgezeechent huet.

 

D'Emweltpolitik  vun der SuperDrecksKëscht®

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission