[LB]

Sécherheetsmanagement - Sécherheet op der Aarbecht a fir d'Ëmwelt

En intelligent Sécherheetskonzept suergt derfir, datt keng Gefor fir Mënsch oder Ëmwelt besteet. Am Hierscht 2003 gouf de SuperDrecksKëscht®-Zenter moderniséiert a sécherheetstechnesch op den allerneiste Stand bruecht.

D’Sécherheet vu Mënsch an Ëmwelt gëtt duerch verschidde Moossname garantéiert: d’Filtratioun vun der Loft duerch Aktivkuelefilteren, Miessungen vun der Loft am Raum a vun der verbrauchter Loft, regelméisseg Schoulung vun de Mataarbechter, adequat Schutzkleeder, Protektiounsgezei, Brëller, Sécherheetshändschen. D’Zortéiere vu Chemikalien, Laugen, Saieren, Léisungsmëttelen a Pestiziden gëtt nëmmen a speziellen Aarbechstraim mat kontrolléierter Atmosphär duerchgefouert.

D’Regaler am Depôt vun de Geforematièren hunn héchst Sécherheetsstandarden ( Regaler mat Opfänkbasengen a Sensoren fir d’Fuiten ze detektéieren), an deene d’Matièren no dem Geforepotenzial an de chemesche Charaketistike gelagert sinn. Eng Fuite oder d’Bildung vu brennbarem Dampgemësch gëtt direkt ugewisen datt a kierzester Zäit reagéiert ka ginn.

Automatesch Branddetektiounsanlagen an e sophistikéiert System vu Läschwaasserretentioun suergen derfir, datt och am Noutfall d’Gefore fir Ëmwelt a Grondwaasser esou kleng wéi méiglech bleiwen. D’SuperDrecksKëscht®-Zenter gëtt 24 Stonnen am Dag mat techneschen Hëllefsmëttelen, wéi Bewegungsmelder a Kameraen, an och duerch regelméisseg Kontrollgäng iwwerwaacht. Et besteet eng enk Zesummenaarbecht mat dem Ëmweltministär, der Inspektion du Travail an de lokale Pompjeeën.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission