[LB]

Clever akafen -

recommandéiert Wuere vun der SuperDrecksKëscht®

Mat der Campagne „Clever akafen“ wëll d'SuperDrecksKëscht® de Konsument op ëmweltfrëndlech an offallaarm Produkter am Handel opmierksam maachen an en ënnerstëtze beim ëmweltbewossten Akafen.

Aus dem Grond gëtt fir déi ausgewielte Produkter an de Supermarchéen a Fachgeschäfter, déi bei der Campagne matmaachen, mam Hiwäis „Clever akafen vun der SuperDrecksKëscht® recommandéiert“ Reklamm gemaach.

D'Partnere vun der Vermeidungscampagne, déi  viru kuerzem vun der EU-Kommissioun als "best practice" ausgezeechent gouf, sinn d'Chambre des Métiers, d'Chambre de Commerce, d'confédération luxembourgeoise du commerce clc an d'Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC).

Déi ugebuede Produkter ginn no dësen allgemenge Richtlinnen ausgewielt:

  • Verpackunge sinn ëmweltfrëndlech a vun hirem Material hier nees verwäertbar (Plastiker oder Metaller, déi markéiert sinn)
  • den Inhalt ass ouni oder mat nëmme wéineg Schuerdstoffer
  • d'Produkt ass nohalteg, dat heescht et huet eng laang Liewensdauer an e geréngen Energieverbrauch beim Benotzen (Energieverbrauch ass esou, wéi et op der Packung steet)
  • d'Produkt ass nom Gebrauch nach materiell verwäertbar, kann op d'mannst nach energetesch genotzt ginn

Bis elo ginn ugebueden :

  • Faarwen an Lacker
  • Opluedbar Batterien an Accessoiren
  • Wäsch- an Botzmëttel
  • Energiespuerend Beliichtung
  • Schoul- an Büromaterial
  • Rinse-off Produkter
  • Hygienepapeier

 Maacht mat - Offall vermeiden ass déi clever Alternativ an Dir spuert och nach Suen derbäi !

 

Downloads:

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission