[LB]

Clever akafen - Laanglieweg an energiespuerend Beliichtung     

Den Undeel vun der Beliichtung um gesamte Stroumverbrauch vun engem duerchschnëttleche Stot ka laut der Agence de l’Energie bei 17% leien. Duerch d'Ersetze vun all de Biren duerch energiespuerend Luuchten ( zum Beispill Energiespuer- oder LED-Luuchten) kéint dësen Undeel op 6% erofgesat ginn.

Déi vun der SuperDrecksKëscht® recommandéiert Energiespuer- an LED-Luuchte ginn ënner anerem op folgend Kritäre gepréift:

  • Energieverbrauch (W)
  • Hellegkeet/Lumenofgab (lm)
  • Rendement vum Liicht (lm/W)
  • Liewensdauer (h)
  • Schaltfestegkeet (Un-/Ausschaltungen)
  • Quecksëlwer-undeel
  • Geféierlech Stoffer a Gemëscher
  • Verpakung
  • Informatioune fir de Konsument

Nëtzlech Informatioune ronderëm d'Thema "Beliichtung" (besonnesch fir LED-Luuchten) ginn am Guide behandelt.

D'Internet-Säit www.oekotopten.lu zielt déi beschte LED-Luuchten op, déi um Lëtzebuerger Maart ze kréie sinn.

Niewent Energieeffizienz a Stroumspuere spillt och d'Stroumquell eng entscheedent Roll beim Thema "elektresch Energie": Setzt dofir op Stroum aus erneierbaren Energiequellen.

Interesséiert Konsumente kenne beim Aktiounspartner Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) Testresultater iwwer Luuchte kréien.

Loosst Iech am Fachhandel beim Kaf vu Luuchte beroden.

 

Downloads:

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission