[LB]

Clever akafen -

ëmweltfrëndlech Faarwen a Lacker fir Banne- a Bausseberäich

D'Benotze vun ëmweltfrëndleche Faarwen a Lacker ass net nëmme gutt fir d'Ëmwelt, mee ass och aus gesondheetleche Grënn ze empfeelen.Virun allem fir den Asaz am Banneberäich soll ee gutt oppassen, wat fir Faarwen een eraussicht.

Nieft deenen allgemenge Critèrë mussen déi ugebuede Produkter och nach produktspezifesch Criteren ererfëllen. Doduerch, datt déi Critèrë weiderentwéckelt goufen, ass elo eng Bewäertung vun de Produkter fir de Bausseberäich méiglech.

Bewäert ginn ënner anerem déi eenzel Inhaltsstoffer ( wéi z.B. Faarfpigmenter, Konservéierungsstoffer,...) an och deenen hir Auswierkungen op d'Ëmwelt an op d'Gesondheet vum Konsument. D'Critèrë bestëmmen awer och, wéivill Formaldehyd a Léisungsmëttelen an der Faarf dra sinn, wéi geféierlech déi Faarf fir d'Waasser ass a wéi héich de Verbrauch ass. A wéi bis elo mussen dës Produkter och an Zukunft nach a Verpackunge vu verschiddene Gréissten am Handel ugebuede ginn.

Informatiounen zu Testresultater aus de Produktgruppe kritt Dir beim Aktiounspartner, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC).

 

Downloads:

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission