[LB]

Clever akafen – Hygienespabeieren

Hygienespabeieren ëmfaassen Toilettëpabeier, Pabeiershanddicher, Nuesschnappecher, Kichendicher, Zerwéiten, Botzdicher, Kosmetikdicher an Ofdeckpabeier. Fiicht Wëschdicher ginn net an der Campagne behandelt.

Dës ginn oft just eemol benotzt, landen no dem Gebrauch an der Toilette oder der Poubelle a ginn deemno dem Pabeierkreeslaf verluer.

D'ekologesch Virdeeler vu Clever akafen-Hygienespabeieren:

D'Clever akafen-Hygienespabeiere ginn zu 100 % aus recycléiertem Pabeier hiergestallt a schounen esou d'natierlech Ressourcen. Hygienespabeieren aus Frëschfaseren (d. h. aus Zellstoff vu Beem), op där anerer Säit, kommen oft aus Urwaldrodungen oder risege Plantagen (Monokulture mat héijem Pestizidasaz). Esou gi Bëschekosystemer zerstéiert, Flora a Fauna gi verluer, de Buedem gëtt ausgewäsch an Nährstoffer ginn ewechgeschwemmt an Erosiounen huelen zou.

De Recyclage vun alem Pabeier huet am Géigesaz zu Pabeier aus Frëschfasere weider Virdeeler:

  • Et brauch bis zu 70 % manner Waasser a bis zu 60 % manner Energie.
  • Domat verréngere sech d'CO2-Emissiounen.
  • Och d'Ofwaasser gëtt vill manner belaascht

Bei der Produktioun vu recycléiertem Pabeier ginn all d'Keimen an d'Bakterien, déi nach bestinn, duerch Erhëtzen eliminéiert. Bei der De-Inking-Prozedur ginn all d'Faarfpartikel aus den ale Pabeieren ofgetrennt.

E puer Tipps, fir Offall ze evitéieren:

  • Benotzt Zerwéiten, Nappen an Nuesschnappecher aus Stoff, déi no dem Gebrauch kënne gewäsch ginn. Gräift och op ekologescht Wäschmëttel aus der Campagne Clever akafen zeréck. 
  • Evitéiert bedrockten a faarweg Hygienespabeieren, déi just eemol benotzt kënne ginn. Dëst hëlleft, Ressourcen ze spueren.
  • Benotzt Spender fir Toilettëpabeier a Pabeiershanddicher op ëffentlechen Toiletten oder am Betrib. Esou kann de Verbrauch vun Hygienespabeiere reduzéiert ginn. Mat Trockner, fir d'Hänn ze dréchnen, a wäschbaren Handdicher aus Stoff kënne Pabeiershanddicher komplett ofgeschaaft ginn – si brauchen awer Stroum an e reegelméissegen Entretien.

Download:

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission