Drucken

Clever akafen - Laanglieweg an energiespuerend Beliichtung     

Luuchten

Den Undeel vun der Beliichtung um gesamte Stroumverbrauch vun engem duerchschnëttleche Stot ka laut der Agence de l’Energie bei 17% leien. Duerch d'Ersetze vun all de Biren duerch LED-Luuchten kéint dësen Undeel op 6% erofgesat ginn.

Déi vun der SuperDrecksKëscht® recommandéiert LED-Luuchte ginn ënner anerem op folgend Kritäre gepréift:

Nëtzlech Informatioune ronderëm d'Thema "Beliichtung" (besonnesch fir LED-Luuchten) ginn am Guide behandelt.

Niewent Energieeffizienz a Stroumspuere spillt och d'Stroumquell eng entscheedent Roll beim Thema "elektresch Energie": Setzt dofir op Stroum aus erneierbaren Energiequellen.

Interesséiert Konsumente kenne beim Aktiounspartner Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) Testresultater iwwer Luuchte kréien.

Loosst Iech am Fachhandel beim Kaf vu Luuchte beroden.

Weider Informatiounen op der Internet-Säit www.oekotopten.lu .

Downloads:

 

LED-Luuchte mat austauschbare Liichtmëttelen

D'Luucht ass déi ganz Konstruktioun ronderëm d'Liichtquell. Dës besteet aus méi Komponente wéi Halterung, Fassung, Reflektor, Schierm oder Glasofdeckung. An der Luucht befënnt sech déi eigentlech Liichtquell, déi als Liichtmëttel bezeechent gëtt. (Quell: www.ledtipps.net)

E Liichtmëttel (Luucht) ass e Géigestand, mat deem (besonnesch elektrescht) Liicht produzéiert ka ginn (z.B. Gléibir, Neonstüb, Liichtdiod). (Quell: www.duden.de)

Am Kader vun der "Circular Economy" an am Bewosstsäin, datt d'Reparaturfrëndlechkeet vu Produkter an d'Offallvermeidung wichteg Bestanddeeler vu engem nohaltege Konsum sinn, sinn d'Kritäre fir Luuchte weiderentwéckekt ginn.

Folgend Punkte gi mat den aktuelle Kritären ofgedeckt:

Downloads: