[LB]

Clever akafen – Rinse-off-Produiten!

Rinse-off-Produiten si Kierperfleegemëttel, déi fir d'Wäsche vun der Haut an den Hoer benotzt ginn, mä erëm mat Waasser ausgewäsch bzw. ausgespullt musse ginn, an dofir net op der Haut oder den Hoer bleiwen.

Folgend Produitsgruppe kënnen unhand vu festgeluechte Kritäre bewäert ginn, a sinn am Fall vun enger positiver Bewäertung am Handel mam Vermierk „Clever akafen – Produite recommandéiert vun der SuperDrecksKëscht®“:

  • Bued- an Duschzousätz (Salz, Schaum, Ueleg, Gel, asw.)
  • Fest a flësseg Seefen
  • Shampoingen 
  • Après-Shampoinge fir erëm auszespullen
  • Raséierproduiten (Raséierschaum, Raséiercrème, Raséiergel a Raséierseef)

 

Folgend Produite sinn net an der Campagne mat abezunn: desinfizéierend oder antibakteriell Produiten (z.B. desinfizéierend Handseefen), Zännseef, fiicht Dicher, Demaquillant, Shampoinge fir Hausdéier an all d'Leave-On-Produiten (Make Up, Kierpercrèmen, Gesiichtscrèmen, Aecrèmen, Lëppebalsam, Anti-Aging-Produiten, Fousscrèmen, asw.).

Méiglech Gefore vun de Kierperfleegemëttel:

De Schutz vun der Gesondheet spillt eng wichteg Roll, well oft allergieausléisend Stoffer an de Kierperfleegemëttel enthale sinn (Konservéierungsstoffer, Doftstoffer, asw.). D'Doftstoffer kënnen zum Beispill iwwert d'Ootmung an den Organismus geroden a sech iwwert d'Bluttzirkulatioun am ganze Kierper verbreeden. Et gëtt ugeholl, datt verschidden Doftstoffer och iwwert d'Haut opgeholl kënne ginn. A Form vu Kontaktallergene kënnen se op der Haut eng Entzündung (Ekzema) ausléisen.

Aus ekologescher Siicht, kënnen d'Kierperfleegemëttel e groussen Deel vu potentiell problemateschen Oofwässerbestanddeeler verursaachen an iwwer Ëmweeër an d'Drénkwaasser geroden. Bei Produiten ewéi Kierperfleegemëttel, déi all Dag benotzt ginn, ass et also wichteg, datt d'Inhaltstoffer séier oofbaubar sinn, a sech net an der Ëmwelt usammele kënnen.

D'Produite mam Vermierk Clever akafen – charakteriséieren sech ënner anerem duerch:

  • d'Oofwiesenheet vun Inhaltstoffer, déi gëfteg, kriibserreegend, chronesch schiedlech, fir ongebuere Kanner geféierlech oder fir dat genetescht Ierfmaterial schiedlech sinn
  • e geréngen Undeel vun Doftstoffer
  • eng schnell Oofbaubarkeet vun den Tensiden
  • d'Benotze vu Faarfstoffer, déi den Ufuerderunge vun der Liewensmëttelindustrie entspriechen
  • d'ausschliisslecht Benotze vu Konservéierungsstoffer, déi fir Kosmetikproduiten zougelooss sinn
  • ekologesch virdeelhaft (z.B. recycléierbar) Verpackungen

Downloads:

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission