Drucken

Clever akafen -

ökologesch Wäsch- a Botzmëttel

Wäschen a Botzen hunn ëmmer en Afloss op d'Ëmwelt, an dat virun allem op d'Waasserleef. Dofir ass d'Entscheedung fir en ökologescht Wäsch-a Botzmëttel an dee richtege Gebrauch dovun ( Doséierung,...) net nëmme wichteg fir d'Ëmwelt, mee och fir d'Gesondheet vum Konsument.

Nieft deenen allgemenge Critèrë mussen déi ugebuede Wäsch-a Botzprodukter och nach produktspezifesch Critèren erfëllen. Déi Critèrë bestëmmen ënner anerem, wéivill Tensiden an de Produkter dra sinn a wéi gutt déi an de Waasserleef ofgebaut ginn, ausserdeem och d'Konzentratioun vun aneren Inhaltsstoffer ( z.B. Léisungsmëttelen, Bleechmëttelen, Parfumen, Enzymer,...).

 

Downloads:

Produkter fir de private Gebrauch:

Informatiounen zu Testresultater aus de Produktgruppe kritt Dir beim Aktiounspartner, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz. (ULC)

Eng Lëscht vun den Wäsch- a Spullmaschinne mat deem geréngste Stroum- an Energieverbrauch fannt Dir op der Internetsäit www.oekotopten.lu.

 

Produkter fir de gewerbleche Gebrauch:

 

Niewt dem Asaz vun ëmweltschounenden Produkter ass och déi korrekt Handhabung vun de Produkter souwéi déi richteg Botztechnik fir nohalteg an ökologesch Botzen onëmgänglech. Weider Informatiounen fann Dier héi.