[LB]

Klimaschutz a Ressourcëschounung mat ale Liewensmëttelfetter

Alliewensmëttelfetter hunn en héijen Energiegehalt. Dës Energie ze notzen ass intelligent an entsprécht och de Virgabe vun der aktueller Energie- a Klimaschutzpolitik. Déi vun der SuperDrecksKëscht®a Privatstéid agesammelt Alliewensmëttelfetter – er handelt sech gréisstendeels ëm Frittefetter – ginn dofir souwäit wéi méiglech als Energieträger benotzt.

De gréissten Deel gëtt de Moment zu Biodiesel veraarbecht, deen dann z.B. an Dieselween oder a Blockheizkraaftwierker agesat ka ginn. D‘Liewensmëttelueleger a –fetter ginn derbäi an engem chemesche Prozess mëttels Methanol an engem Katalysator a Frittefettmethylester (FME), besser bekannt als Biodiesel, ëmgewandelt. De Moment ginn ongeféier 90 % vun den duerch d‘SuperDrecksKëscht® erfaasste Liewensmëttelueleger a –fetter dëse Wee. Am Géigesaz zum hierkëmmlechen Diesel ass de Biodiesel CO2-neutral,enthält kee Schweefel an dréit soumat zum Klimaschutz bäi.

Nach besser ass awer déi direkt Notzung no enger Opbereedung an engem Separator, dee Stéierstoffer ewechmécht an d‘Alliewensmëttelfetter homogeniséiert. Zënter Ufank des Jores benotzt d‘SuperDrecksKëscht® an hirer zentraler Heizungsanlag Alliewensmëttelfett an engem dofir gëeegente Brenner fir ze probéieren.

D‘Erfarunge si bis elo ganz positiv a weisen, datt dës modern Technologie ouni Problemer funktionéiert. Well d‘Alliewensmëttelueleger net weider transportéiert ginn, mee a Lëtzebuerg genotzt ginn, ass d‘Ökobilanz hei nach besser wéi bei der Veraarbechtung zu Biodiesel.

Liewensmëttelueleger a -fetter däerfen net duerch Friemstoffer wéi Mineralueleger, Léisungsmëttel oder Botzmëttel veronréngegt sinn, well soss e Recycling zu Biodiesel onméiglech ass an nëmmen nach déi thermesch Verwäertung bleift, wat d‘Energieausbeut staark reduzéiert.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission