Réckkonsum als neien Impuls fir d’Gesellschaft

Konsum bedeit d‘Versuergung vun de Bierger/innen mat den deeglech noutwennege Gebrauchs- a Verbrauchsgidder. Réckkonsum ass déi spigelbildlech Organisatioun vum Zréckhuele vun dëse Ge- a Verbrauchsgidder no de Servicekriterie vum Konsum a stellt dermat eng noutwenneg Weiderentwécklung vun der klassescher Entsuergungswirtschaft duer. D‘SDK bitt eng ëmfaassend Service-Offer. Si hëlleft Problemer am Beräich vun den Offallprodukter an d‘Entsuergung mat intelligenten a käschtespuerende Konzepter ze léisen.