[LB]

Offallgestiounsplang:

Ökologesch Gestioun vum Offall am Betrib

Am Sënn vum nationalen Offallgestiounsplang a vum nationale Plang fir eng nohalteg Entwéckelung si mir alleguer gefuerdert, eis fir eng ëmweltgerecht, energie- a ressourceschounend Offalgestioun anzesetzen. Dat ass och d’Zil vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, déi zesumme mam Nohaltegkeetsministère, mat der Chambre des Métiers a mat der Chambre de Commerce an d’Liewe geruff gouf, an déi all Betriber bei hirer ëmweltgerechter Arichtung ënnerstëtzt.

Den Ëmgank mam Offaly stellt haut grouss Ufuerderungen un den Offallproduzent – dat heescht, den Offall richteg sammelen, zortéieren a lageren, sichen no gëeegnete Weeër fir en ze recycléieren an z’entsuergen, Präventiounsméiglechkeeten notzen, esou wéi sech un déi gesetzlech Offallvirschrëften halen, virun allem un d’Gesetz vum 21 Mäerz 2012. D’Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ënnerstëtzen d’Betriber bei der Realiséierung vun engem Offall- a Präventiounskonzept, an hëllefen hinnen esou Ökolgie an Ökonomie ze verbannen.

Eis komplett Offer fir eng ökologesch Offallgestioun am Betrib:

  • Informatiounen a Berodung bei alle Froen iwwer den Offall a seng Präventioun
  • Analyse vun der interner Offallsgestioun am Betrib
  • Individuell Betribskonzepter fir eng selektiv Sammlung an eng sécher an ëmweltgerecht Lagerung vun all Zorten Offall am Betrib
  • Offallbilane maachen
  • Schoulung a Motivatioun vun de Mataarbechter fir e richtegen Ëmgank mat geféierleche Substanzen a mam Offaly
  • Den Offall ökologesch an transparent recycléieren
  • Déi Betriber, déi matmaachen, ervirsträichen a mam Qualitéitslabel fir eng ëmweltgerecht Offallsgestioun auszeechnen

Eis Berodung ass fir all d’Betriber gratis, an de Succès seet alles:

 

Video

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission