[LB]

Offäll - gratis Berodung duerch d‘SuperDrecksKëscht®

Laang war et an der Landwirtschaft nach méiglech, wäitgoend zoue Kreesleef z‘erhalen an Offäll am Betrib ze miniméieren. Awer och hei sinn de Konschtstoff an d’Verpakunge ukomm a bei der Instandhalung vu Gebaier a Maschinne fale Produkter wéi Almetaller, Elektrodeeler, Liichtmëttel oder Alueleger un. Dacks leien d‘Quantitéite wäit iwwer deem, wat a ländleche Privatstiet üblech ass. Zréckhuelsystemer wéi AgriRecover fir Verpakunge vu Planzeschutz- an Düngemëttel a.ä. bidden hir Déngschter net ganzjäreg un.

Falls et hei Froen oder Problemer gëtt, kënne sech och landwirtschaftlech Betriber un d‘SuperDrecksKëscht® wennen. D' SuperDrecksKëscht® fir Betriber ass e gratis Service vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen (an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce). Am Virdergrond steet ëmmer déi gratis Berodung. D‘Offallentsuergung geschitt an der Regel weider iwwer déi bestoend Strukturen. An Extrafäll z.B. bei problemateschen Offäll wéi Alueleger steet d‘SuperDrecksKëscht® och als Entsuerger zur Verfügung.

Wat bitt d‘SuperDrecksKëscht® fir Betriber der Landwirtschaft:

  • Berodung, Informatioun a Weiderbildung z.B. an Zesummenaarbecht mam Maschinenring an der ASTA
  • Vermeidung a Verwäertung, Organisatioun vun der Agrarfoliesammlung an Zesummenaarbecht mat der ASTA an dem Maschinenring
  • Tipps fir d‘ökologesch Behandlung a Lagerung vun Offäll
  • Dokumentatioun an Zertifizéierung
  • Ëffentlechkeetsaarbecht fir Labelbetriber

De Label SuperDrecksKëscht® fir Betriber ass e Qualitéitszeeche für ëmweltgerecht Offallwirtschaft, zertifizéiert no der Norm DIN EN ISO 14024. En zeechent Betriber an Institutiounen aus dem privaten an ëffentleche Beräich aus, déi duerch d‘Ëmsetzung vum Konzept SDK fir Betriber en aktive Bäitrag fir de Schutz vun der Umwelt duerch e modernt Offallmanagement leeschten. Och Betriber aus dem primäre Sektor – Landwirtschaft, Wäibau a Forstwirtschaft kënnen dëse Label kréien.

Zesumme mam Beroder vun der SDK gëtt en Offallwirtschaftskonzept erschafft. Et beinhalt ë.a. d‘Duerchféiere vun Offallvermeidungs- a verréngerungsmoossnamen, déi getrennt Erfaassung vu Reschtstoffer souwéi d‘Zesummenaarbecht mat autoriséierten Entsuerger, déi eng héichwäerteg Verwäertung bzw. eng ëmweltgerecht Entsuergung vun dëse Reschtstoffer garantéieren. Betriber, déi sech un d‘Labelkriterien halen, kënnen ausgezeechent ginn. Si ginn all Joer, no 5 Joer all zwee Joer iwwerpréift.

An nach en Tipp. Sollt Dir d‘Instandhalung vun Infrastruktur a Maschinnen net selwer duerchféieren, dann notzt einfach Handwierksbetriber mat SuperDrecksKëscht®-Label. Esou kënnt Dir sécher sinn, datt dës déi ufalend Offallprodukter ökologisch korrekt entsuergen.

Notzt als landwirtschaftleche Betrib déi gratis Berodung duerch d‘SDK. Infoe kritt Dir iwwer Tel. 488 216 1 oder info@sdk.lu.

 

                              

 

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission