[LB]

Residenzenprojet:

Ökologesch Offallwirtschaft a Residenzen

Op Basis vun der europäescher Richtlinn 2008/98/EG ass zu Lëtzebuerg iwwert dat nationaalt Offallwirtschaftsgesetz vum 21. Mäerz 2012 décidéiert ginn, dass Méifamilljenhaiser („Residenzen“) mat den noutwennegen Ariichtunge mussen equipéiert ginn, déi eng getrennte Sammlung vun deene verschiddenen Offallfraktiounen déi ufale, erméiglechen (Art. 13, Ofsatz 3).

Konzeptioun „Projet Residenzen“

Prinzipiell geet et drëms, d'Reschtoffallquantitéit staark ze reduzéieren, andeems verschidde Produite separat erfaasst a recycléiert ginn. Niewent deene klassesche Wäertstoffer, ewéi Pabeier, Glas, a Verpakungen (Valorlux) soll och „Biooffall“ a Residenze separat gesammelt ginn. Dozou kommen och nach verschidde Problemproduiten ewéi Medikamenter, Luuchten, elektresch Apparater, Batterien, Verpakunge mat Reschtunhaftunge vu Faarwen oder anere Problemstoffer a Spraydousen. Den Oftransport vun dëse Produite gëtt vun der Hausverwaltung organiséiert.

De Projet Residenzen gräift op der Platz op getrennten Offallerfassung zeréck.

 

Kontaktpersoun: Daniel Bronden

Tel: 488 216 - 235

daniel.bronden@sdk.lu

 

Weider liersen

Getrennte Sammlung von Abfällen in Mehrfamilienhäusern (pdf)

 

Sammelsysteme für Residenzen in Luxemburg (pdf)

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission