[LB]

Mobil Sammlung

Mobil Sammlungen si 4x am Joer an all Gemeng - entweder mat engem mobilen Service-Zenter op der Haaptplaz vun der Uertschaft oder als Sammlung vun Dier zu Dier: da komme mir mat eisem Sammelauto vrun Är Hausdier an dir kënnt Är Problemmatièren direkt ofginn.

Fir datt Dir wësst, wéini mir an Ärer Gemeng sinn, melle mir eis 1-2 Wochen am Viraus un. An eisem Informatiounsblat, wat un al Stot ausgedeelt gëtt, fannt Dir och Informatiounen iwwer déi gesammelt Matièren an allerhand Wëssenswäertes iwwer déi verschidden Aktivitéite vun der SuperDrecksKëscht®.

Vill Gemengen hu Kalennere mat de Sammelterminer a – strukturen fir Är Uertschaft erausginn.

Bei grousse Quantitéite vun Problemmatièren, z.B., beim Plënneren oder wann en Haus geraumt muss ginn, kënnt Dir och deen Service bei der SuperDrecksKëscht® fir Biirger ufroen, deen alles ewechhuele kënnt.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission