[LB]

Ekologesch an ekonomesch Offallwirtschaft op de Chantieren nom Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber

Bau- an Demolitiounsoffäll bilden tëschent 25 an 30% vum gesamten Offallvolume an der Europäescher Union an domat de gréissten Offallstroum. Dës Situatioun gëllt och fir Lëtzebuerg, wou sech beméit gëtt, de Potenzial fir erhéicht Ressourceneffizienz aus dem Bauwiesen and dem Demolitiounswiese besser auszenotzen.

An dësem Sënn diktéiert dat ofgeännert lëtzebuergescht Gesetz vum 21. Mäerz 2012 iwwer d’Offallwirtschaft, datt d’Vermeidung, d’Erëmverwendung an de Recyclage vu Bau- an Demolitiounsoffäll entspriechend der Offallhierarchie gefërdert solle ginn.

Esou vill wéi méiglech solle verschidden Offallfraktiounen op dem Chantier zortéiert a gesënnert ginn, fir den Ufuerderungen vun deenen héichwäertege Verwäertungsoptioune gerecht ze ginn.

Chantieren nom Prinzip vun der SuperDrecksKëscht® 

D'Baustellekonzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ziilt op d’Verbesserung vun der Offallvermeidung an –wirtschaft op de Chantieren an dréit domat zu enger Baustellbewirtschaftung bäi, déi am Accord mat de gesetzleche Bestëmmungen ass.

Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber gëtt Iech nëtzlech Informatiounen iwwer d’Reduktioun vum Volume an d’Schiedlechkeet vum Offall. Eng gutt duerchduechten Offallekonomie hëlleft net nëmmen d’Käschten ze reduzéieren, mee wäert och eng positiv Auswierkung op d’Aarbechtssécherheet um Chantier hunn.

 

Konstruktioun Dekonstruktioun
LENOZ Leco-Box

 

 

Corrignan Eric

Tel 48 82 16 - 231

eric.corrignan@sdk.lu

Beratung für Baustellen

Beratung für Betriebe

Schmit Jeff

Tel 48 82 16 - 236

jeff.schmit@sdk.lu

Beratung für Betriebe

Beratung für Baustellen

 

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission