[LB]

Modalitéite fir d'Bewëllegung vum Label an d'Ënnerschreiwe vun der Konventioun

Fir de Label vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ze kréien, muss den Optraggeber, d.h. de Responsabele vum Chantier, de Bauhär oder de Bedreiwer vum Centre de tri um Chantier, eng Konventioun mat derSuperDrecksKëscht® ënnerschreiwen. Wann den Optraggeber, deen d’Konventioun ënnerschriwwen huet, d’Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber anhält, kann hien dräi (3) Méint ab Datum vum Ënnerschreiwe vun der Konventioun de Label vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber  droen a fir Publizitéitscampagnë benotzen. 

Woufir steet de Qualitéitslabel?

De Label steet fir eng konform Gestioun vun den Offäll um Chantier.

Critèrë fir d'Bewëllegung vum Label

Et sinn déi selwecht wéi fir de Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, mat deem d’Betriber priméiert ginn. Dat heescht:

1. Motivatioun vun all de Bedeelegten

Dëst Chantierskonzept ass nëmmen da wierklech wierksam, wann et ville Leit bekannt ass. Eng Persoun, déi d’Grondsätz vum Tri net respektéiert, „verschmotzt“ de ganzen Inhalt an d’Aarbecht vun deenen anere war ëmsoss. Ee Grondsaz ass virun allem wichteg: All d’Persounen, déi d’Offäll zortéieren, mussen déi selwecht Informatiounen hunn, fir d’Offäll an de richtege Container ze zortéieren. D’Responsabel vum Chantier sollen oppassen, dass jiddereen déi néideg Informatiounen huet, an – wann néideg – Formatiounen duerchféieren oder organiséieren. Nëmme sou ass garantéiert, dass all d’Acteuren zu der richteger Offallgestioun um Chantier bäidroen.

2. Moossnamen fir Offallvermeidung

Offallvermeidung beim Plange vum Chantier

Offäll kënnen nëmmen efficace evitéiert ginn, wa scho virun dem Ufank vun den Aarbechten, d.h. beim Plange vum Chantier, domat ugefaange gëtt. De Guide fir nohaltegt Bauen a Renovéieren, deen de CRTI-B/CRTE opgestallt huet, enthält nëtzlech Informatioune fir d’Plange vum Chantier. Dir fannt de Guide fir nohaltegt Bauen a Renovéieren op der Internetsäit vum CRTI-B/CRTE.  (Link: www.crtib.lu/Leitfaden )

Offallvermeidung während den Aarbechten

Während den Aarbechten ass et net méiglech, Offäll ganz z’evitéieren. Trotzdem kann een duerch bestëmmt organisatoresch Moossnamen d’Quantitéit däitlech reduzéieren. Dofir huet d’SuperDrecksKëscht® e Moossnameguide fir d’Organisatioun an d’Gestioun vu Chantieren zesummegestallt.

3. Siichtbar an zougänglech Sammelbehälter

4. Sécher an ökologesch Lagerung

5. Zortéiere vun den Offäll

D’Gesetz vum 17. Juni 1994 iwwer d’Offallvermeidung a -gestioun schreift vir, dass all d’Offäll getrennt mussen zortéiert ginn. Dofir muss scho beim Ufänke mat den Aarbechten um Chantier den Handwierksbetrib beroden an e Plang fir d’Offallgestioun – konform mam Chantierskonzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber – gemaach ginn. D’Sammelbehälter mussen no der Zort an dem Volume vun den Offäll bemooss ginn. Durch d’Ermëttele vum Volume pro Offallzort kann d’Zortéieren, d’Gréisst vun de Behälter an d’Heefegkeet vum Ofhuele vun den Offäll optiméiert ginn. Duerch Quantifizéierung vun der Zort an dem Volume vun den Offäll kann een och d’Präisser fir d’Entsuergung an d’Léine vun de Container vergläichen a sou de beschten Devis erauszesichen. Fir déi verschidden Zorten an de Volume vun den Offäll op engem Chantier z’ermëttelen, huet d’SuperDrecksKëscht®  de Recheprogramm OYAT ausgeschafft.

6. Transparent an héichwäerteg Offallverwäertung an -entsuergung

Fir d’Entstoe vun den Offäll um Chantier zréckverfollegen ze kënnen, kënnen zwee Szenarie virgesi ginn:

a. Déi jeeweileg Betriber geréieren hir eegen Offäll:

An dësem Fall musse si beim Bauhär respektiv dem Responsabele vum Chantier noweisen, wéi d’Offäll entsuergt goufen. Fir Offäll z’evitéieren oder ze reduzéieren, muss dem beoptraagten Handwierksbetrib d’Responsabilitéit fir d’Entsuerge vu sengen Offäll iwwerdroe ginn. Déi bescht Method ass, dei viraussiichtlech Offäll direkt an den Devis z’integréieren. Sou muss de Betrib e Präis fir d’Entsuerge vun de verschiddenen Offäll androen an dem Bauhär den Numm vun de Sammelbetriber fir déi verschidden Offäll nennen. Dës Sammelbetriber musse vun der Administration de l’Environnement unerkannt sinn.

b. De Chantier huet eng zentral Sammelplaz

Eng Viraussetzung ass, dass um Chantier genuch Plaz ass, fir eng zentral Sammelplaz oder méi zentral Sammelplazen anzeriichten. D’Sammelplaze musse wéinstens während den Öffnungszäiten iwwerwaacht ginn. Weider ass et och noutwenneg, d’Handwierksbetriber ze zwéngen, hir Offäll bei der (den) Sammelplaz(en) ofzeliwweren. Et däerf keng Ausname ginn.

7. Ökologesch Offallgestioun

Bewëllegung vum Label

Wann den Optraggeber, deen d’Konventioun ënnerschriwwen huet, d’Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber anhält, kann hien dräi (3) Méint ab Datum vum Ënnerschreiwe vun der Konventioun de Label vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber droen a fir Publizitéitscampagnë benotzen. De Betrib gëtt vun der Administration de l’Environnement an der Chambre des Métiers mam Label priméiert.

Verlängerung vum Label
  • D’Critèrë ginn all 4 Méint kontrolléiert
  • No 8 Méint gi se nëmmen nach all 8 Méint kontrolléiert
  • De Label gëtt erëm ewechgeholl, wann d’Modalitéiten net agehal ginn
Wann de Chantier fäerdeg ass

Wann d'Konventioun tëschent der SuperDrecksKëscht® an dem Responsabele vum Chantier respektiv dem Bauhär ofgeschloss gouf, kann d’SuperDrecksKëscht® dem Gebai, wann et opgeet, en Diplom, deen eng konform Offallgestioun während dem Bau vum Gebai zertifiéiert, ausstellen. Gouf d’Konventioun tëschent der SuperDrecksKëscht® an dem Bedreiwer vum Centre du tri um Chantier ofgeschloss, kann dësen d’Gestioun vun engem Label-priméierte Centre de tri fir Publizitéitscampagnë benotzen.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission