[LB]

Offallwirtschaft am Haushalt:

Berodung, Asammlung an ëmweltgerecht Entsuergung - d'Grondsaile vun der SuperDrecksKëscht® fir Biirger.

D'SuperDrecksKëscht® fir Biirger sammelt a ganz Lëtzebuerg schuedstoffhaltech Offäll aus Privatstéit– gratis a biergerfrëndlech. Domat kréien all d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet, ëmweltbelaaschtend a geféierlech Offäll vum Hausoffall ze trennen a separat ofzeginn. Verschidde Sammelsystemer gi jidderengem d’Méiglechkeet, seng Problemoffäll ëmweltgerecht ze entsuergen. Di agesammelt Stoffer gi schonn an der Sammelstell virsortéiert a sécher verpaakt. Am Logistikzenter vun der SuperDrecksKëscht® geschitt dann dat endgültegt Sortéieren a Verpaken fir den Transport zu den Offallempfänger. Fir d’Auswiel vun der Endbehandlung gëllt: D’Verwäertung huet absolut Virrang, nëmme wann dës net méiglech ass erfollegt eng ëmweltgerecht Entsuergung a geegente Anlagen, z.Bsp. Héichtemperaturbehandlung.Ëmmerhi 70 % vun den agesammelte Stoffer kënne ganz oder op d'Mannst deelweis verwäert ginn.

Ganz wichteg sinn eis Informatioun a Berodung, virun allem am Bezuch vun ëmweltgerechtem Verhalen an Offallvermeidung. Mat verschiddenen Aktivitéiten fir jonk an al, Ausstellungen a facetteräichem Informatiounsmaterial géinge mir gären zu ëmweltgerechtem Verhale motivéieren – natierlech ëmmer (interessant) ënnerhalend a mat prakteschen Tipps.

Besonnesch beléift ass d'SuperSpillMobil, wou clever Käpp flott Präisser gewanne kennen. Ëmweltschutz op eng spilleresch Manéier – e Risespaass fir Jonk an Al.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission