[LB]

Entsuergungspartner

Speziallogistik – e sécheren a kompetenten Transport

Rotschléi fir d'Entsuergen vum Betribsoffäll zu Lëtzebuerg

Huelt fir d’Entsuergen vun Ärem Offall am Betrib nëmmen spezialiséiert Firmaen, déi eng Transportgenehmigung vum Ëmweltministère hunn. Esou kënnt Dir sécher sinn, datt déi gesetzlech Mindeststandarden bei Offalltransporter a –verwäertungen agehal ginn. Dir fannt eng Lëscht vun den autoriséierten Spezialentsuergensfirmaen ënner www.environnement.public.lu/

D'Kooperatiounspartner vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber loossen zousätzlech eng streng Qualitéitskontroll iwwer sech ergoen, déi de Critèrë vum Qualitéitslabel fir Betriber entsprécht :

  • zortéiert an transparent Sammlung beim Client
  • propper a getrennt Lagere vun de Produiten, am Fall wou se mussen zwëschegelagert ginn
  • transparent Eliminatioun, dobäi d’Recycléieren vun der Matière enger thermescher Verwäertung virzéien
  • propper Camionen an Halen
  • Clienten iwwert Vermeidungsméiglechkeeten informéieren
  • Qualifizéierung vun de Mataarbechter an Anhale vun den Aarbechtsécherheetsstandarden

Bis elo sinn dës Lëtzebuerger Entsuergungsfachbetriber mam Qualitéitslabel fir Offallcontainer ausgezeechent ginn :

Speziell Ofliwwerungen ( regelméisseg Entsuergen vu Wäert- a Problemmatièren a klenge Quantitéiten, Entsuerge vu Spezialproduiten, wéi Probutangasfläschen oder Uelegradiateuren) iwwerhëllt SuperDrecksKëscht® fir Betriber direkt iwwer de Logistikzenter zu Colmar-Berg.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission