[LB]

Garantéiert Qualitéit duerch d'RAL-Qualitéitszeechen

Fir op Nummer sécher ze goen, datt keen FCKW méi am zermuelenen Polyurethanschaum ass, gëtt mat Hëllef vun enger speziell entwéckelter Miesstechnik d’FCKW-Konzentratioun permanent kontrolléiert.

D'SuperDrecksKëscht® ass Member vun der Qualitéitskommissioun RAL ‚Recyclage vun den FCKW haltege Killapparaten'.

RAL-Sigel si Qualitéitszeechen, déi charakteristesch Kennzeechen vun engem Produit oder engem Service neutral iwwerwaachen. Europawäit sti se fir spezifesch Critèren, Konsumenteschutz an objektiv recycléierbar Qualitéit. Dëse Label baséiert op engem Katalog vun 20 Säiten, an deem Ëmwelt-Mindeststandarden definéiert sinn an déi onbedéngt beim Entsuerge vu Killapparaten anzehale sinn. Iewescht Zil vun dëser Verwäertung, déi dem RAL Qualitéislabel entsprécht, ass déi komplett Erfaassung an uschléissend eng ëmweltfrëndlech Entsuergung vum allen FCKWën, vu Quecksëlwerschalteren a Kondensatoren, sou wéi och déi komplett Verwäertung vun alle Matièren.

Dat permanent Anhalen vun dëse Qualitéitscritèrë gëtt vun engem onofhängegen Institut gepréift. Et gëtt all Joer eng grouss an neutral Prüfung duerchgefouert. D’SuperDrecksKëscht® ass säit dem Aféieren vum RAL Qualitéitslabel 1999 Member vun dëser Kommissioun fir d’Killapparat-Entsuerger an ass ee vun deenen éischten, déi ausgezeechent goufen.

RAL-Qualitéitszeechen déngt schlussendlech de Clienten, déi sech mat Hëllef vun engem objektiven a zouverléissegem Label fir Qualitéit decidéiere kënnen.

Weider Informatiounen kritt Dir direkt bei der RAL-Qualitéits-Kommissioun ‚Recyclage vun den FCKW haltege Killapparaten'

 

 

iwwer Telefon: 00352 488 361 - 41

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission