[LB]

Verwäertung an Entsuergen – Qualitéit an Transparenz

De Gesetzesgeber huet am Gesetz vun 1994 fir d’Preventioun an d’Gestioun vum Offall bewosst de Prinzip vum Pollueur-Payeur festgehal. Ëmweltbewosste Bierger a Betriber wëssen, datt de Saz “Aus den Augen, aus dem Sinn” am Zäitalter vun enger nohalteger Entwécklung a sécherer Zukunft fir eis all am 21. Joerhonnert seng Bedeitung verluer huet.

Qualitéit an Transparenz sinn dofir d’Linn vun enger moderner Offallsgestioun. Qualitéit heescht hei, datt all déi wäertvoll Substanzen esou verwäert gi kënnen, datt e Maximum vu Sekundärstoffer zréckgewonne gi kann, an datt d’Problemmatièren esou behandelt ginn, datt e Minimum un Ëmweltbelaaschtung entsteet.

Transparenz bedeit, datt de Wee vun der Matière vum Entstoe bis zur Ëmwandlung an nei Matière-premièren, resp., bis zur ëmweltgerechter Entsuergung offe gewisen an dokumentéiert gëtt an zu jidder Zäit novollzéibar ass.( Stoffstrommanagement).

Qualitéit an Transparenz steet net nëmmen am Mëttelpunkt vun der SuperDrecksKëscht® an hire Partner zu Lëtzebuerg – déi mat dem Qualitéitslabel ausgezeechent Betriber, Offallcontainer a Recyclingsplazen. Selbstverständlech ginn dës Critèren och vun den Offalldestinatären erwaart, déi, déi vun der SuperDrecksKëscht® geliwwert Produiten verwäerten an entsuergen.

Et gi regelméisseg Visitte bei den Offalldestinatäre gemaach, wou d’Produktiounsanlagen an d’Eran- an Erausgoe vun de Produiten gewëssenhaft gepréift ginn. Ëmweltcertificaten, wéi ISO 14001, EMAS, Entsuergungsfachbetriber oder Ëmweltauszeechnungen spille bei der Wiel vun den Destinatären eng besonnesch Roll. Ökonomie an Ökologie mussen am Sënn vun der Nohaltegkeet och hei gläichberechtegt niewentenaner stoen.

Emwelt.lu Chambre des Métiers Chambre de Commerce

EMAS SDK green *Label-Priméiert RAL TÜV Entreprise Socialement Responsable EU Commission