Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Speziallogistik – e sécheren a kompetenten Transport

Rotschléi fir d’Entsuergung vum Betribsdreck zu Lëtzebuerg

  • Huelt fir d’Entsuergen vun Ärem Dreck am Betrib nëmmen spezialiséiert Firmaen, déi eng Transportgenehmigung vum Ëmweltministère hunn. Esou kënnt Dir sécher sinn, datt déi gesetzlech Mindeststandarden bei Offalltransporter a –verwäertungen agehal ginn.
    Dir fannt eng Lëscht vun den autoriséierten Spezialentsuergensfirmaen ënner 
    www.environnement.public.lu/dechets/informations_pratiques/index.html

  • D’Kooperatiounspartner vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber loossen zousätzlech eng streng Qualitéitskontroll iwwer sech ergoen, déi de Critèrë vum Qualitéitslabel fir Betriber entsprécht :
    • zortéiert an transparent Sammlung beim Client
    • propper a getrennt Lagere vun de Produiten, am Fall wou se mussen zwëschegelagert ginn 
    • transparent Eliminatioun, dobäi d’Recycléieren vun der Matière enger thermescher Verwäertung virzéien 
    • propper Camionen an Halen
    • propper Camionen an Halen
    • Qualifizéierung vun de Mataarbechter an Anhale vun den Aarbechtsécherheetsstandarden


  • Bis elo sinn dës Lëtzebuerger Entsuergungsfachbetriber mam Qualitéitslabel fir Offallcontainer ausgezeechent ginn :  

  • Speziell Ofliwwerungen ( regelméisseg Entsuergen vu Wäert- a Problemmatièren a klenge Quantitéiten, Entsuerge vu Spezialproduiten, wéi Probutangasfläschen oder Uelegradiateuren) iwwerhëllt SuperDrecksKëscht® fir Betriber direkt iwwer de Logistikzenter zu Colmar-Bierg.