Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Projeten mat Partner

Batterien


D’SuperDrecksKëscht® as Partner vum Industriesystem ecobatterien.
An de Supermarchéen, am Fachhandel an op villen ëffentleche Plaze sti Sammelbehälter. Vill Supermarchéen a Fachgeschäfter hu sech och un der Aktioun « Clever akafen – rechargeabel Batterien a Chargeure kafen » bedeelegt.

Medikamenter a Sprëtzen


D’Asammelen vu Medikamenter a Sprëtzen ass eng Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuergeschen Apdikten (Syndicat des Pharmaciens luxembourgeois). Bal all d’Apdikten huelen al Medikamenter a Sprëtzen of. Et kann ee souguer fir d’Sprëtzen gratis an der Apdikt Sécherheetskëschte kréien.

Briqueten

SuperDrecksKëscht®, Heintz van Landewyk an HORESCA hunn am Handel, op Tankstellen a Restauranten spezial Briquetskëschten opgestallt. Aus Sécherheetsgrënn sollten déi al Briquete separat entsuergt ginn, well a villen ass nach brennbaren a klimaschiedleche Gas.