Clever akafen – Energiespuerbiren an LED-Luuchten
Am Kader vun der Campagne " Clever akafen " gi verschidden Zorte vu Biren ugebueden, déi Energie spueren a laang halen .
Energiespuerbiren : déi brennen a brennen a brennen ëmmer weider. En etlech Spuerbire sinn esouzesoen net klengzekréien. Souguer no 19.000 Betriibsstonnen am Dauertest liichte s'ëmmer nach schéin hell. Bei esou enger laanger Liewensdauer rechent et sech op jidde Fall, eng Spuerbir ze kafen.
Zum Vergläich : normal Bire ginn am Duerchschnëtt schonn no 1000 Stonne futti.Doriwwer eraus spuere Liichtstoffbiren och nach bis zu 80 Prozent Stroum.
LED-Biren : Hir Pluspunkte sinn, datt se bei niddregem Stroumverbrauch bal keng Wäermt ofginn an eng Liewensdauer vu bis zu 35.000 Stonnen hunn.Déi éischt LED-Bire waren nach aus ville klenge Liichtdioden zesummegesat; hautdesdaags awer kommen esou genannte Power-LEDs zum Asaz.Op déi Manéier kënnen héichwäerteg LED-Biren elo och als Grondbeliichtung agesat ginn.
Energiespuer-a LED-Bire gi mat deenen übleche Schraufsockelen ( E14 oder E27 ) oder Stiechsockelen ( z.B. GU10 ) fir 230 oder 12 Volt ugebueden.
IRC-Halogenbiren : Dëst sinn Halogenbiren, déi wéinst hirer spezieller Beschichtung méi en niddregen Energieverbrauch a méi eng laang Liewensdauer hu wéi déi traditionnell Halogenbiren. Et gëtt s'an deenen normale Formen ( Bir, Käerz ) oder a spezielle Formen ( Spot, Flutestrahler,...).
Denkt och drun, Stroum aus erneierbaren Energien ze benotzen.
Déi Tabell hei ënne gëtt Iech en Iwwerbléck iwwer den zäitlechen Oflaf vum Verbuet fir elektresch Biren.
Loosst Iech am Fachhandel beroden, fir déi richteg Bire fir Är Zwecker ze fannen.
Linken:
Rotschléi fir d'Benotze vun Belichtung, déi Energie spuert
Artikel Konsument (daitsch): 'Wie finde ich das richtige Leuchtmittel'
Informatiounen zu Testresultater aus de Produktgruppe kritt Dir beim Aktiounspartner, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz ( ULC ).
Eng Lëscht vun deene beschten Energiespuerbire fannt Dir op der Internetsäit www.oekotopten.lu
Eng kleng Hëllef bei der Auswiel vu Luuchten (Deitsch/Franseich)
Ratgeber mit nützlichen Informationen zum Kauf von Lampen (Deitsch)

