Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Clever akafen - ökologische Wasch- und Reinigungsmittel

Wäschen a Botzen hunn ëmmer en Afloss op d'Ëmwelt, an dat virun allem op d'Waasserleef.Dofir ass d'Entscheedung  fir en ökologescht Wäsch-a Botzmëttel an dee richtege Gebrauch dovun ( Doséierung,...) net nëmme wichteg fir d'Ëmwelt, mee och fir d'Gesondheet vum Konsument.

 

Nieft deenen allgemenge Critèrë mussen déi ugebuede Wäsch-a Botzprodukter och nach produktspezifesch Critèren erfëllen. Déi Critèrë bestëmmen ënner anerem, wéivill Tensiden an de Produkter dra sinn a wéi gutt déi an de Waasserleef ofgebaut ginn, ausserdeem och d'Konzentratioun vun aneren Inhaltsstoffer ( z.B. Léisungsmëttelen, Bleechmëttelen, Parfumen, Enzymer,...).

Links (op daitsch):

Infoflyer iwwer Wäschen, mat deem een d'Ëmwelt schount

Rotschléi fir Wäschen, mat deem een d'Ëmwelt schount

Infoflyer iwwer Botzen, mat deem een d'Ëmwelt schount

Rotschléi fir Botzen, mat deem een d'Ëmwelt schount

Froenbouw zu den Inhaltsstoffer

Positivlëscht vun Wäsch- a Botzmëttel


Informatiounen zu Testresultater aus de Produktgruppe kritt Dir beim Aktiounspartner, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz  (ULC).

Eng Lëscht vun de Wäsch- a Spullmaschinne mat deem geréngste Stroum- an Energieverbrauch fannt Dir  op der Internetsäit www.oekotopten.lu.