Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Vum Bankeland zum Ëmwelt-Innovatiouns a Musterland
SDK vun der EU-Kommissioun als “best practice” ausgezeechent

D’Generaldirektioun vun der EU fir Ëmwelt huet sech d’Zil gesat, fir am Kader vun der EU-Ëmweltstrategie sech ëm de Schutz, den Erhalt an d’Verbesserung vun der natierlecher Ëmwelt fir di heiteg an di zukünfteg Generatiounen ze këmmeren.
Fir dat héicht Zil z’erreechen, ënnerstëtzt se déi respektiv Strategien an allen EU-Länner a propagéiert beispillhaft Aktiounen, déi sech an der Praxis bewäert hunn. No intensiver Kontroll ginn dës beispillhaft Aktiounen als “best practice” unerkannt an ausgezeechent.
Dës Aktiounen (best practice) sinn ausgewielt ginn, well se exzellent Beispiller vun Informatioun, Ëffentlechkeetsaarbecht an uerdnungspolitesch Moossnamen bekannt maachen, déi d’Offallsproduktioun ervir bréngt. Si sinn no dëse Critèren ausgewielt ginn:
- zilorientéiert: di Aktioune fokusséiren op der Offallvermeidung an ënnerscheeden sech däitlech vun aneren Offallsmanagementstrategien oder breet ugelueten Ëmweltziler;
- innovativ: di Aktioune sinn nei an erfindungsräich an der Offallvermeidung;
- reproduzéierbar: di Aktioune kënne liicht kopéiert an a sämtleche Regioune vun Europa agesat ginn;
- representativ: di Aktiounen hunn hiren Ausgangspunkt an enger Rei vu Länner, fonktionnéieren op nationalem, regionalem a lokalem Niveau;
- wierksam: di Aktiounen hu kloer festgelueten Ziler a miessbar Resultater.

Schonn am Juni 2009 ass d’Aktioun “Clever akafen” als “best practice” ausgezeechent ginn, bei där fir ëmweltfrëndlech Produite Reklamm gemaach gouf, an dat an Zesummenaarbecht mat Fabrikanten, Handel a Konsumenteschutzverband.

An der Zwëschenzäit huet d’EU-Kommissioun no engem neie Kontrollresultat festgehalen, datt d’SuperDrecksKëscht als Gesamtsystem mat all hire verschiddenen Aktivitéiten de Critère vun “best practice” entsprécht. Dat holistescht (alles erfaassend) System, dat sech u Bierger, un Entreprisen, un Handel a Verwaltungen adresséiert, an esou all Akteure vun der Gesellschaft mat abezitt, ass vun der EU-Kommissioun positiv bewäert ginn.
Am Factsheet, deen op der Säit vun der Generaldirektioun Ëmwelt vun der EU-Kommissioun publizéiert gouf, gëtt d’Aktivitéit vun der SuperDrecksKëscht esou zesummegefaasst: di praxisno Berodung vermëttelt erkennbar, datt d’Vermeide vum Offall fir eis a fir di nofolgend Generatiounen éischt Prioritéit huet. Duerno kënnt di ökologesch sënnvoll Verwäertung vum Offall an nach ee Weidergebrauchen, e.a. duerch Secondhand Butteker. Beim Konsum gëtt bewosst d’Vermeiden an de Liewenszyklus vum Produit thematiséiert. Um Enn steet de Réckkonsum: d’Asammele vum Reschtoffall a seng optimal Verwäertung.
Besonnesch wichteg fir de Succès vun der SuperDrecksKëscht ass de permanente Kontakt mat all den Akteuren duerch modern Kommunikatiounsmëttelen.

  • d’SuperDrecksKëscht, eng Mark, mat där ee sech identifizéiere kann;
  • di lafend Informatioun, Berodung a Kommunikatioun an der Ëffentlechkeet, fir datt bei jidderengem dat wichtegt Thema an Erënnerung bleift;
  • di direkt praxisbezunn Berodung an de Betriber, Schoulen, Verwaltungen asw.;
  • dat no ISO 14024 zertifizéiert Qualitéitslabel fir Betriber, dat net nëmmen all Betrib beim Ëmwelt-, Sécherheets- a Qualitéitsmanagement ënnerstëtzt, mä och dem Konsument hëlleft, ëmweltfrëndlech Betriber z’identifizéieren an hinnen en Opdrag ze ginn;
  • d’Auszeechnung vun ëmweltfrëndleche Produite mam Label “Clever akafen”, dat dem Handel beim Ëmsetzen vun enger nohalteger Produktpolitik hëlleft, an dem Client beim nohaltege Konsuméieren;
  • D’Ënnerstëtzen an d’Entwécklung nohalteger Technologien bei der getrenntner Asammlung a ressourceeffizienter Verwäertung vum Offall.


Di positiv – moossbar – Resultater ware fir d’Auszeechnung och wichteg.
- D’SuperDrecksKëscht ass enger Ëmfro no, di drëtt beschtbekannte Mark zu Lëtzebuerg;
- knapp 3400 ugeschlosse Betriber, déi méi wéi d’Halschecht vun den Aarbechter am Grand-Duché beschäftegen, bedeelegen sech un der SuperDrecksKëscht fir Betriber;
- sämtlech Handelsketten an di meeschte Fachgeschäfter bedeelege sech un der Aktioun “Clever akafen”, an deem se di ausgezeechent Produiten ubidden;
- d’Verwäertungsquot bei de labelzertifizéierte Betriber läit haut scho bei 70%;
- de Modell SuperDrecksKëscht gëtt och schonn an anere Länner, wéi z.B. an der Schwäiz, mat Erfolleg ugewandt.

Op di als “best practice” ausgezeechent SuperDrecksKëscht kënnen all d’Lëtzebuerger an di aktiv Leit zu Lëtzebuerg houfreg sinn. Sou ass et duerchaus méiglech, datt Lëtzebuerg net nëmmen als Finanzplaz, mä och als Plaz fir innovativ an nohalteg Ëmweltdéngschtleeschtungen, Vermeidungsmanagement a Ressourceneffizienz bekannt gëtt.

Weider Informatioune sinn iwwer www.sdk.lu. ze fannen, an iwwer Links gëtt et och Informatiounen zu alle Partner.