Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Keng Pestiziden am Haushalt

Am lëtzebuerger Waasser ginn zënter Joere regelméisseg Réckstänn vu Pestizide festgestallt. Dat gëllt fir d’Grondwaasser esou gutt wéi fir d’Baachen, d’Flëss an d’Séien. D’Waasseranalyse weisen och, datt e groussen Deel vun de Pestizidsréckstänn net nëmmen aus dem landwirtschaftleche Beräich stamen, mä genau sou aus dem privaten an ëffentleche Gebrauch kommen.

Am Private ginn d’Pestiziden haaptsächlech fir d’ Bekämpfe vun Onkraut a Moos, Insekten, Schleeken, Mäis an aner Knabbeldéieren agesat. Besonnesch problematesch gëtt et op makadamiséierte Plazen, op befestegte Weeër, Terrassen, wou d’ Chemikalien net genuch vum Buedem zréckgehalen an ofgebaut kënne ginn, a vum Reen an d’Kanalisatioun an dann an d’Baachen an an d’Flëss geschwemmt ginn.
D’Kläranlage si géint d’Chemikalien ineffizient a kënne souguer an hirer Fonktioun gestéiert ginn.
Iwwert d’ Verbindung vun de Flëss mam Grondwaasserkierper oder och duerch d’Versickeren op onbefestegte Surfacen, geroden d’Pestiziden dann an eist Grondwaasser.

Pestiziden sinn net nëmmen e Risiko fir d’Ëmwelt, mä et ginn ëmmer méi dacks gesondheetlech Laangzäitschied beim Mënsch festgestallt, well dës Gëfter kënnen nëmme ganz schwéier vum Kierper ofgebaut ginn. Si späicheren sech haaptsächlech am Fettgewebe un, a kënnen zu Entwécklungs- a Verhalensstéierungen féieren, wéi och zu Schued um Ierfgutt, Immun- an Nervesystem.

D’Waasseraccorden Atert, Uewersauer an Our hunn dofir zesumme mam Naturschutzsindikat SICONA-Westen, mat der Stëftung “Hëllef fir d’Natur”, der Waasserwirtschaftsverwaltung an der SuperDrecksKëscht e Flyer ausgeschafft mam Thema: “Keng Pestiziden am Stot”. Dee Flyer gëtt an de Membersgemenge vun Uewersauer an Atert verdeelt. Et kann een en och bei den uewegenannten Organisatiounen ufroen oder online, ënner www.sdk.luwww.attert.comwww.crhs.eu, www.waasser.lu.


Wat kënnt Dir maachen?

Fir d’éischt kënnt en Ëmdenken!
Bei Flächen, déi net fir eng wirtschaftlech Produktioun a Fro kommen, bestëmmt eleng eist Schéinheetsgefill, ob eng Planz oder en Déier zum Problem gëtt. Naturno Schéinheetskonzepter schätzen an toleréieren e ganze Koup wëll Kräider an Déieren. Et kann doropshin eng ganz attraktiv Landschaft entstoen, mat däitlech manner schiedlechen Déieren a Kräider.

Sollten dann awer déi eng oder aner Déieren a Planzen e Problem ginn, da verzicht wa méiglech op Planzeschutzmëttelen. Dacks sinn ëmweltfrëndlech Alternative méiglech.
Hëlleft de Planzen an hirer Widderstandskraaft, an deem Dir hinnen gënschteg Liewensbedingunge schaaft, wéi z. B. déi richteg Plaz am richtege Buedem, mat Diversitéit a gëeegenten Nopeschplanzen. Natierlech Methoden wéi Onkraut rappen, Schleeken a Raupe rafen, mat Planzebritt (aus Brennesselen an Ackerschachtelhalm) netzen, oder natierlech “Friessfeinden” nobäi halen, maachen den Asaz vu chemesche Mëttelen ganz dacks iwwerflësseg.

Vermeit den Asaz vu Pestiziden besonnesch op befestegten an net wirtschaftlech benotzte Flächen.
Riskéiert w.e.g. net, datt Drénkwaasserqualitéit, d’Diversitéit vu Gedéiesch a Planzen am Waasser oder esouguer Är Gesondheet ënner enger nëmmen reng esthetescher Wäertvirstellung Schued leit.

Vun Enn 2009 un ginn d’Totalherbiziden ( “Tue-Herbes”, Casoron) vum Gesetz hier verbueden. Fir d’Reschter vun dëse Gëfter z’entsuergen, benotzt w.e.g. di mobil Sammlunge vun der SuperDrecksKëscht® an Ärer Gemeng oder bréngt alles an Ären Recyclingshaff.

Séif nach gesot, datt Dir an deenen aacht Membersgemengen vum Waasseraccord Atert e klenge Merci kritt, wann Dir Är Pestizidsreschter an d’SuperDrecksKëscht® bréngt.

Weider Informatioune kritt Dir bei der Maison de l’Eau de l’Attert (www.attert.com)  a bei der SuperDrecksKëscht®.