Ökologesch Gestioun vum Offall am Betrib
Am Sënn vum nationalen Offallgestiounsplang a vum nationale Plang fir eng nohalteg Entwéckelung si mir alleguer gefuerdert, eis fir eng ëmweltgerecht, energie- a ressourceschounend Offalgestioun anzesetzen. Dat ass och d’Zil vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, déi zesumme mam Ëmweltministère a mat der Chambre des Métiers 1993 an d’Liewe geruff gouf, an déi all Betriber bei hirer ëmweltgerechter Arichtung ënnerstëtzt.
Den Ëmgank mam Dreck stellt haut grouss Ufuerderungen un den Offallproduzent – dat heescht, den Dreck richteg sammelen, zortéieren a lageren, sichen no gëeegnete Weeër fir en ze recycléieren an z’entsuergen, Präventiounsméiglechkeeten notzen, esou wéi sech un déi gesetzlech Offallvirschrëften halen, virun allem un d’Gesetz vun 1994. Besonnesch kleng a Mëttelbetriber sinn hei dacks iwwerfuerdert. D’Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ënnerstëtzen d’Betriber bei der Realiséierung vun engem Offall- a Präventiounskonzept, an hëllefen hinnen esou Ökolgie an Ökonomie ze verbannen.
Eis komplett Offer fir eng ökologesch Offallgestioun am Betrib :
- Informatiounen a Berodung bei alle Froen iwwer den Dreck a seng Präventioun
- Analyse vun der interner Offallsgestioun am Betrib
- Individuell Betribskonzepter fir eng selektiv Sammlung an eng sécher an ëmweltgerecht Lagerung vun all Zorten Dreck am Betrib
- Offallbilane maachen
- Schoulung a Motivatioun vun de Mataarbechter fir e richtegen Ëmgank mat geféierleche Substanzen a mam Dreck
- Den Dreck ökologesch an transparent recycléieren
- Déi Betriber, déi matmaachen, ervirsträichen a mam Qualitéitslabel fir eng ëmweltgerecht Offallsgestioun auszeechnen
Eis Berodung ass fir all d’Betriber gratis, an de Succès seet alles:

\

