Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Presse Texte

Gestioun vum Offall am Betrieb no ISO 14024

Entspriechend Art. 21 vum lëtzebuergeschen Offallgesetz sinn all d'Bedreiwer vu betriblechen Ariichtunge verpflicht, der Ëmweltverwaltung op Ufro e betriblecht Offallgestiouns- a -vermeidungskonzept ze presentéieren. Am Kader vum Commodo-Incommodo-Gesetz muss an all de Fäll, an deenen eng Genehmegung néideg ass, e betriblechen Offallgestiouns- a -vermeidungsplang bäigeluecht ginn. ...

méi

D'Gestioun vu problematesche Substanzen zu Lëtzebuerg – transparent an nohalteg

Ob Saieren oder alkalesch Substanzen, Reschter vu Faarwen oder Lacken, Léisungsmëttel oder Collen, Pestiziden, Medikamenter oder Botzmëttelen, Neonsluuchten oder Batterien, Spraydousen oder Gasfläschen – vill Produiten, déi mir am Alldag benotzen, enthale Substanzen, déi gëfteg oder schiedlech fir d'Ëmwelt sinn. Dës Produite gehéieren net an d'schwaarz Dreckskëscht, well d'lëtzebuergesch Dreckstippen an d'Verbrennungsanlage fir Haushaltsoffäll net fir d'Entsuerge vun dëse Produite gëeegent sinn. ...

méi

 

Killapparater - Réckproduktioun amplaz vun Entsuergung

Scho méi al Killapparater enthalen an der Regel zwee verschidden FCKWen (Fluor-Chlor-Kuelewaasserstoffer): am Killkreeslaf als Killmëttel grad wéi an der Isoléierschicht als Dreifmëttel fir de Schaumstoff. Fräigesaten FCKWe gi virun allem fir d'Zerstéierung vun der Ozonschicht verantwortlech gemaach, déi d'Äerd virun haarden UV-Strahle schützt. Ass d'Ozonschicht ugegraff, kënnen d'UV-Strahle bis op den Äerdbuedem schéngen, wou si fir d'Mënschen, Déieren a Planzen eng Gefor kënne sinn (z.B. Hautkriibs). ...

méi