Qualitéitslabel vun der SDK fir Betriber steet fir eng emwëltgerecht Gestioun vum Offall

De Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ass een unerkanntent Qualitéitszeechen fir eng ëmweltgerecht Gestioun vum Dreck am Handwierksbetrib an beim Offalltransporteur, dee vum Ëmweltministère a vun der Chambre des Métiers verdeelt gëtt. An nëmmen déi Betriber, déi wierklech dat richtegt Offallkonzept an déi alldeeglech Praxis ëmsetzen, kréien dee Label a sinn esou “label priméiert”
D’Critèrë vum Label sinn:
- Motivatioun vun all deenen, déi matmaachen
- déi richteg Mossnamen huele fir den Dreck ze vermeiden
- Sammelplazen, déi gutt zougänglech sinn
- e sécheren an ëmweltgerechten Depôt
- eng streng zortéiert Sammlung
- eng héichwäerteg an transparent Offallsgestioun an -entsuergung
- eng ëmweltbewossten Direktioun
De Label SuperDrecksKëscht® fir Betriber ass certifiéiert no der internationaler Norm ISO 14024:2000. Dës Certifizéierung enthält ë.a. d’Kontrollprozedur an d’Ufuerderungen un d’Kontrolleuren. D’Offallwirtschaft an den Entreprisen, déi mam Label priméiert sinn, entsprécht deemno integral den Ufuerderungen an der Norm ISO 14024.
D’Anhale vun deene Critèrë gëtt all Joer am Handwierksbetrib a beim Offalltransporteur iwwerpréift. Déi Kandidaten, déi de Label scho véier Joer ouni Ënnerbriechung hunn, kréien nach en extraen Diplom. Vun dann un gëtt de Betrib nëmmen all zwee Joer méi iwwerpréift.

